Kaffiskichelchen
Ausgesinn
E Kaffiskichelchen oder eng Mëtsch ass e Gebäck, dat ee gewéinlech mueres beim Kaffi ësst.
Zu Lëtzebuerg ginn déi heite Bakwueren zu de Kaffiskichelcher gezielt:
- Croissant (mat Botter oder gefëllt mat Schockela oder Mandelcrème)
- Aachtchen
- Äppeltäsch
- Schneck
- Streisel einfach oder gefëllt
- Trëtz
- Eeërfliedchen
- Berliner
- Mohnschneck
- Schockelaskichelchen
- Schuedi, asw.
Kuch oder Taarten, déi éischter als Dessert oder nomëttes beim Kaffi zerwéiert ginn, si keng Kaffiskichelcher.