Kaméileblumm
|
| |
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
|---|---|
| Räich | Planzeräich |
| Ënnerräich | Tracheobionta |
| Ofdeelung | Bléieplanzen |
| Klass | Magnoliopsida |
| Ënnerklass | Asteridae |
| Uerdnung | Asterales |
| Famill | Asteraceae |
| Ënnerfamill | Asteroideae |
| Gattung | Kaméileblummen (Matricaria) |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
|
Matricaria chamomilla Matricarnia recutita | |
| L. | |
|
| |
D'Kaméileblumm (Matricaria chamomilla oder och Matricaria recutita) ass eng Planzenaart aus der Famill vun den Asteraceae. Si war ursprénglech a Süd- an Osteuropa doheem, haut ass se ze soen a ganz Europa verbreet. Et ass eng al Heelplanz, déi virun allem bei Problemer mam Daarm oder mam Mo a bei Entzündungen hëlleft. Et ass eng eejäreg Planz déi tëscht 15 a 50 cm héich gëtt. D'ganz Planz huet deen typesche Kamille-Geroch. D'Blieder si 4 bis 7 cm laang a mat 2 - 3 Wutzen. Déi eenzel Wutze si schmuel, knapps 0,5 mm breet, an hunn eng pickeg Spëtzt.
Eng eenzel Planz kritt 8 bis 120 (seele bis zu 900) Bléiekäppercher. Dës si bis 25 mm breet a stinn op engem 3 bis 10 cm laange Still. Se bléien tëscht Mee a September. D'Kaméileplanze wuessen um Flouer an op Broochen, am léifstem op frëschem, nierstoffräichem, meeschtens kallekaarmen an éischter leemege Biedem.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kamille – Biller, Videoen oder Audiodateien |

