Kannerbibel

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Kannerbibel oder Schoulbibel besteet aus enger Auswiel vu Bibeltexter, déi an enger Sprooch redigéiert sinn, déi geduecht ass, fir Kanner dat Aalt Testament an dat Neit Testament zesummenzefaassen.

Kannerbibelen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Déi "kleng" Schoulbibel[änneren | Quelltext änneren]

Den 10. Januar 1945 huet de Bëschof Joseph Lorenzo Philippe säin Imprimatur gi fir déi éischt "kleng" Schoulbibel no dem Zweete Weltkrich, der Kleine Katholische Schulbibel für die Diözese Luxemburg. Gedréckt a verluecht gouf se an der "St. Paulus-Druckerei". Als Beaarbechter ass um Ëmschlag "Ecker" ze liesen. Eng weider Erklärung, wou den Text hierstaamt, ass am Bichelchen net ze fannen.

D'Schoulbibel[änneren | Quelltext änneren]

Den 21. November 1945 gouf de Bëschof Joseph Lorenzo Philippe säin Imprimatur gi fir déi éischt Schoulbibel no dem Zweete Weltkrich, der Katholische Schulbibel für die Diözese Luxemburg.