Kanton

Vu Wikipedia
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

Ënner Kanton versteet een:

eng Ënnerdeelung vun engem Land déi administrativ, oder historesch Ursaachen huet an déi vu Land zu Land verschidde si kann:

  • Lëtzebuerg: déi 12 Kantone sinn eng regional Andeelung an där d'Gemengen zesummegefaasst sinn. Um administrative Plang spillt de Kanton zu Lëtzebuerg keng Roll méi. An der Verwaltungshierarchie stoung bis 2015 iwwer der Gemeng direkt den Distrikt. A verschiddenen Organisatioune wéi z. B. bei de Pompjeeën gëtt et Kantonalverbänn. Kuckt: Lëtzebuerger Kantonen.
  • Belsch: e Walkanton bezitt sech op eng gewëssen Zuel vu Gemengen, déi e gemeinsame Büro hunn, fir d'Walen auszewäerten. E Geriichtskanton ass eng administrativ Andeelung, déi engem gemeinsame Riichter ënnersteet.
  • Bolivien: fréier administrativ Opdeelung vun de Municipios (Gemengen).
  • Bosnien an Herzegowina: administrativ Opdeelung bannent der Federatioun Bosnien a Herzegowina.
  • Costa Rica: et gëtt 7 Provënzen, déi an am Ganzen 81 Kantonen opgedeelt sinn.
  • Ecuador: administrativ Opdeelung vun de Provënzen.
  • El Salvador: administrativ Opdeelung vun de Municipios (Gemengen).
  • Frankräich: e Kanton ass eng Ënnerglidderung vun engem Departement bannent engem Arrondissement. Kuckt: Franséisch Kantonen.
  • CHECHE Schwäiz: déi 26 Kantone sinn d'Staate vun der Schwäizer Konfederatioun. Kuckt: Kanton (Schwäiz).

geographesch Objeten: