Kapell Folkendeng
| ||||
|---|---|---|---|---|
Kapell vu Folkendeng (2014) | ||||
| Uertschaft / Plaz | Folkendeng | |||
| Par | Mëllerdall Saint-Michel | |||
| Dekanat | Zentrum | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Mathias | |||
| Desakraliséiert | 2020 | |||
| Baujoer | 1866/67 | |||
| Koordinaten | 49° 50’ 31.4’’ N 06° 12’ 06.3’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kapell zu Folkendeng war eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Mëllerdall Saint-Michel, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ärenzdall gehéiert huet. D'Kapell, déi dem Kierchefong gehéiert huet, gouf am Joer 2020 entweit.[1]
De Patréiner vun der Kapell war den hellege Mathias, deem säi Fest de 24. Februar gefeiert gëtt.
D'Gebai steet op der Haaptstrooss, dem CR356B. De 5. Februar 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[2]
Zu der fréierer Par Steeën huet ausser der Kapell vu Folkendeng och nach d'Parkierch vu Steeën gehéiert.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]An engem Visitatiounsrapport vu 1738 gouf d'Kapell als Filialkierch vun Eppelduerf ernimmt. 1808 ass d'Kapell vun der Eppelduerfer Kierchefabréck an de Besëtz vun der Steeëner iwwergaangen. Déi Zäit war d'helleg Adelgundis nach Patréinesch vun der Kapell.
Déi haiteg Kapell staamt aus de Joren 1866/67, wou d'Kapell fir en Devis vu 4900 Frang nei gebaut gouf.[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kapell Folkendeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Westsäit vun der Kapell
- Den Agank fir an d'Kapell
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Äerzbëscheeflechen Dekreet vum 25.11.2020
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
- ↑ Bau-Verding. Kapelle von Folkendingen Der Wächter an der Sauer, 2. Mäerz 1866
