Kapell Kapweiler
| ||||
---|---|---|---|---|
Kapell vu Kapweiler (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Kapweiler | |||
Par | Äischdall-Helpert Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Anna | |||
Baujoer | 1866 | |||
Koordinaten | 49° 44’ 23.6’’ N 05° 58’ 09.7’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kapell vu Kapweiler ass eng kathoulesch Kapell, déi fréier zur Par Sëll gehéiert huet. Zanter dem 7. Mee 2017 gehéiert se zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord am Dekanat Zentrum, an zu der Gemeng Sëll.
D'Patréinesch ass d'helleg Anna, där hiert Fest de 26. Juli gefeiert gëtt.
All Joer geet um leschte Juli-Sonndeg d'Anne-Pressessioun vu Sëll op Kapweiler.
D'Kapell gouf am Joer 2020 entweit.
De 6. November 2020 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Gebai
[änneren | Quelltext änneren]De massive quadrateschen Tuerm ass vu 1505, dem Grënnungsjoer vun der Kapell. Dogéint sinn d'Kiercheschëff an de Chouer no bedeitenden Aarbechten am Joer 1705 am haitege Stil fäerdeg gestallt ginn. An d'Kapell kënnt een duerch d'Portal vum Tuerm eran.
Déi véier Bläiglasfënstere mat den Evangelistesymboler kommen aus dem Atelier W.H. Jansen vun Tréier a goufe warscheinlech kuerz virum Éischte Weltkrich montéiert.
Am Joer 2005 gouf "500 Joer Sankt Anna Kapell zu Kapwëller" gefeiert. Zu dësem Jubiläum gouf d'Kapell frësch ugestrach. De Parrot Sëll-Gräisch-Simmer hat e Parfest organiséiert, an de Sëller Schoulmeeschter Guy Wolff huet am Optrag vun der Sëller Gemeng e Buch iwwer d'Kapwëller Kapell geschriwwen.
Altor
[änneren | Quelltext änneren]Kuckeswäert ass besonnesch de Barockaltor, deen déi ganz Breet vum Chouer ausfëllt. D'Holzstatue op der lénkser Säit weist den hellege Benedikt an op der rietser seng Schwëster, d'Helleg Scholastika.
D'Altorbild stellt déi lescht Owesmoolzecht duer a gouf vum Pierre Maisonnet gemoolt. D'Bild ass op den zwou Säite vun enger ionescher a vun enger korinthescher Sail ëmginn.
Am Baldachin gesäit een de Wope vum 41. Abt vun der Benediktinerabtei Münster vu Lëtzebuerg, dem Benedikt Forting, deen déi Abtei vu 1717 bis zu sengem Doud um 7. Januar 1743 geleet huet.
Et gëtt spekuléiert, datt den Altor virun der Franséischer Revolutioun an där Abtei stoung.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Guy Wolff: 1505-2005 500 Joer Sankt Anna Kapwëller, 2005.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kapell Kapweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).