Scoutekapell Neihaischen
| ||||
|---|---|---|---|---|
| Uertschaft / Plaz | Neihaischen | |||
| Par | Par Iewescht Syr Saint-Esprit | |||
| Dekanat | Osten | |||
| Numm / Patréiner | Notre-Dame des Bois | |||
| Proprietär | Scouten[1] | |||
| Koordinaten | 49° 37’ 20.98’’ N 6° 14’ 45.85’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||



D'Scoutekapell um Neihaischen ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schëtter gehéiert.
D'Kapell, déi offiziell Chapelle Notre-Dame des Bois heescht, gehéiert de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.
D'Kapell läit um Lieu-dit Haardt, an der rue principale, dem CR185, um Bord vum Bësch, an der Entrée vun der Uertschaft wann ee vu Mënsbech erop kënnt. Op der anerer Säit vun der Strooss läit de Centre de formation et d'animation vun der LGS mam Chalet Nicolas Rollinger.
Zur fréierer Par Schëtter huet ausser der Scoutekapell och nach d'Kierch vu Schëtter gehéiert.
D'Kapell "Notre-Dame des Bois"
[änneren | Quelltext änneren]D'Kapell war vun Ufank un eng Plaz vu liturgeschem Experimentéieren. Laang virum dem Zweete Vatikanesche Konzil krut d'Kapell en Altor, deen zum “Vollek” gedréit ass, a wou d'Scoute ronderëm stinn. Munch Jonker hunn do Gleewen nei verstanen an hu sech als Chrëscht engagéiert. Vill jonk lëtzebuergesch Geeschtlech hunn ënner anerem hei geléiert mat Jugendlechen ze schaffen, souwuel an der Kapell wéi op de Gilwell-Campen am Formatiounszenter vis-à-vis.
D'Kapell ass voller Symboler. Hir sober Lag, um Rand vum Bësch, weist op d'Natur als e “Wonner”, an dofir huet s'och den Numm Notre-Dame des Bois. Wann een haut der Maria de Magnifikat (Evangelium nom Lukas 1,39-56) an de Mond géif leen, da géif se do bestëmmt och géint d'Zerstéierung vun der Natur opruffen. D'Kapell ass en Uert vu Rou a Fridden. D'Symbol dofir ass och d'Klack. Dofir hunn ënner anerem d'Scoute vum Houwald Koffer gesammelt - haaptsächlech eidel Grananatenhülsen aus dem Krich. Mat deem Koffer huet de Koffergéisser Emile Blondelot vum Houwald d'Klack vun der Kapell gegoss.
Interessant ass, datt de bekannten Escher Kënschtler Aurelio Sabbatini mat der Maria a mam klenge Jesus d'Patréiner vun de Scoutsbranchen um Relief hanner dem Altor duergestallt huet: De Paulus, fir d'Rover-Branche, den hl. Franziskus fir d'Wëllefcher, den hl. Georg fir d'Scouten allgemeng an den hl. Mäerten, dee fir säin Engagement fir déi Aarm a säin einfache Liewensstil bekannt ass. Eng gewëssen Aktualitéit wéinst dem Synodale Prozess an der kathoulescher Kierch huet den hl. Mäerten, well hie vum Vollek zum Bëschof gewielt gouf.
Monument
[änneren | Quelltext änneren]Widder der Kapell, zur Säit vum Bësch, ass e Monument als Erënnerung un d'Scouten déi an der Resistenz am Zweete Weltkrich hiert Liewe gelooss hunn. D'Monument besteet aus engem hëlze Kräiz, op engem stenge Sockel a Form vun enger Grafplack, an enger gosse Plack op där steet:
- ÖMMER BERET 1940-1945
- ONSE MÄRTYRER
D'Kapell an d'Monument goufen den 1. Mee 1952 ageweit.
All Joer den 1. Mee organiséieren d'LGS eng Gedenkzeremonie an der Kapell a beim Monument, als Erënnerung un d'Affer vun hire Memberen an der Resistenz.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Zweete Weltkrich haten eng Rei Scouten, déi an der Resistenz aktiv waren versprach, eng Kapell opzeriichten, wa se aus dem Krich heem kéimen.
1951 gouf de Bau vun der Kapell, op Initiativ vum deemolege Generalkommissär Charles Edouard Rischard, vum Comité directeur vun de Lëtzebuerger Scouten decidéiert. Den Terrain krut d'Organisatioun vun enger Famill vum Neihaische geschenkt. D'Aarbechte goufe vum Jean Muller, Scout a Grënner vun der éischter Resistenzgrupp am August 1940, koordinéiert.
Den 1. Mee 1951 goufen déi éischt Steng am Steebroch, net wäit dervun ewech, erausgeholl. Eng Rëtsch Scouten an Awunner vum Neihaischen hunn de Steemetzer an deenen aneren Handwierker beim Baue gehollef.
D'Kapell an d'Monument goufen den 1. Mee 1952 vum Bëschof Léon Lommel a Presenz vum Chefscout, dem Prënz Jean, ageweit.
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- ct, 2011. Ehrendes Gedenken an Pfadfinder. Luxemburger Wort vum 3. Mee 2011, S. 23.
- G.L., 2013. Eine Kapelle zu Ehren der heiligen Muttergottes. Die "Lëtzebuerger Guiden a Scouten" erinnern sich. Luxemburger Wort vum 6. Mee 2013, S. 26.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Scoutekapell Neihaischen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Kapell Notre-Dame des Bois um Neihaischen, op cathol.lu
- Websäit vum Parverband Nei Par Sektor Ost
- D'Kapell op der Websäit vun den LGS
- D'Fënstere vun der Kapell um Neihaischen op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
