Renterter Kapell

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kapell Rentert)
Renterter Kapell
D'Kapell (2013)

D'Kapell (2013)
D'Kapell (2013)
Uertschaft / Plaz op Rentert
Waltzing
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord
Dekanat Zentrum
Baujoer 1671
Koordinaten 49° 41’ 02.7’’ N
      05° 51’ 37.0’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Renterter Kapell ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Arel gehéiert.

D'Kapell ass der Schmäerzhafter Muttergottes geweit. All Joer am September geet eng Pressessioun vun der Fournellskapell zu Äischen aus bis op Rentert bei d'Kapell.

Se steet an der Belsch op Rentert Sektioun Waltzing, zirka 170 m vun der Grenz mat Lëtzebuerg. Se ass vun Äischen aus iwwer d'rue du Faubourg ze erreechen oder op belscher Säit vu Waltzing aus.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Iwwer dem Agank vun der Kapell steet den Datum 1861. Op der Récksäit fënnt een d'Joreszuele 1671 an 1883.

Nom Äischener Schoulmeeschter a Lokalhistoriker André Hausmann gouf d'Kapell, déi der Muttergottes geweit ass, wuel an enger Zäit vu grousser Nout (Pescht!) an déiwem Armut gebaut, deemno warschäinlech 1671, wéi jo op der Récksäit vun der Kapell geschriwwe steet. Dat entsprëcht iwwregens där Zäit, wou d'Maria als Schutzpatréinin vum Lëtzebuerger Land erwielt gouf.

Am Joer 1843 gouf d'Grenz tëscht dem jonke belsche Staat an dem Rescht-Groussherzogtum, wéi am Londoner Vertrag vun 1839 virgesinn, mat Grenzmaarken aus Gosseisen materialiséiert. Dobäi koum d'Kapell definitiv op belsche Buedem (Bann Waltzéng), obwuel se weiderhinn zur Por Äische gehéiert.

1973-74 gouf d'Kapell, déi schonn zweemol an der Vergaangenheet restauréiert gi wor (vläicht 1861 an 1883, well dës Datumer jo op der Kapell vermierkt sinn), vun den Duerfgemeinschaften Äischen a Waltzéng gemeinsam renovéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Renterter Kapell – Biller, Videoen oder Audiodateien