Op den Inhalt sprangen

André Hausmann

Vu Wikipedia
André Hausmann
Gebuertsnumm André Servais Hausmann
Gebuer 14. Februar 1920
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 20. Juni 2015
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Resistenzler, Auteur, Historiker
Famill
Bestuet mat Catherine Bouchart

Den André Servais Hausmann, gebuer de 14. Februar 1920 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen den 20. Juni 2015 zu Wolz, war e lëtzebuergesche Resistenzler, Schoulmeeschter, Auteur a Lokalhistoriker[1][2].

Hien huet Wierker an Artikelen iwwer d'Geschicht vun den Uertschaften Ouljen, Beefort, Déiljen, Näerden, Äischen an Habscht verëffentlecht, genee sou wéi iwwer seng perséinlech Erfarungen am Zweete Weltkrich, seng Bezéiung zum Foussball, déi traditionell lëtzebuergesch Kultur a Geschichten aus sengem private Liewen.

Säi Schaffen dréit zur Dokumentatioun an zur Valoriséierung vum kulturellen, sproochlechen an historesche Patrimoine vu Lëtzebuerg bäi.

Kanner- a Jugendzäit

[änneren | Quelltext änneren]

Nom fréizäitegen Doud vu sengem Papp Enn 1920 verbréngt den André Hausmann déi éischt véier Joer vu senger Kandheet bei senger Groussmamm op der Näerdener Millen, wärenddeem seng Mamm a Frankräich geet, fir eng Léier als Néiesch ze maachen. Nodeems seng Mamm sech nees bestuet hat, ass d'Famill, 1925, op Ouljen an d'Heenzenhaus geplënnert, wou s'e klenge Bauerenhaff an e Bitzatelier bedreiwen.

Seng Primärschoul mécht den André Hausmann zu Ouljen an am Alter vun 13 Joer geet hien an den Iechternacher Kolléisch (Sektioun Latäin), wou hien am Pensionat Saint-Joseph ass an all Weekend zréck op Oulje fiert.


Nodeems hien de Passageexamen zu Iechternach[3] gemaach hat, gouf hien 1937 an d'Normalschoul (institut pédagogique) an der Stad opgeholl wou hie vun 1937 bis 1941 seng Ausbildung als Schoulmeeschter mécht. An dëser Zäit entwéckelt hien och eng Passioun fir de Futtball, a spillt an der Sportsekipp vun der Normalschoul.[4]

D'Besetzung vu Lëtzebuerg am Mee 1940 ënnerbrécht seng Ausbildung, a säin Internat gëtt als Militärspidol vum Besatzer requisitionéiert. Hie setzt seng Ausbildung an der nei etabléierter an ëmbenannter Lehrerbildungsanstalt (LBA) als Lehramtskandidat virun, fir d'éischt an der Sainte-Sophie an duerno an der Sainte-Anne zu Ettelbréck. Hie gehéiert zur Promotioun vun 1941.

De Schoulmeeschter

[änneren | Quelltext änneren]

Den André Hausmann huet den 13. Oktober 1941[5], am besate Lëtzebuerg, als alleinstehender Volksschullehrer an der Schoul zu Déiljen an der Gemeng Beefort ugefaangen, wou hie bis Juni 1943 war, bis hien an de Reichsarbeitsdienst huet misse goen a kuerz duerno an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert gouf an dowéinst dunn als Réfractaire an den Ënnergrond goung. Nom Krich war hie kuerz an der Schoul zu Klengbetten, ier hien am September 1945 an d'Schoul vun Äische versat gouf, wou hie bis zu senger Pensioun war. Den André Hausmann huet den ëffentlechen Déngscht als Instituteur principal den 1. September 1980, no 38 Joer Déngschtzäit, verlooss.

Am Laf vu senger Karrioär als Schoulmeeschter huet hie sech och als Personaldelegéierten agesat, war Matgrënner vun der LASEP-Sektioun zu Äischen an huet, nieft sengen Aktivitéiten als Katechet a Jugendbegleeder an der Par Äischen, d'Scolaires-Foussballekipp vum FC Olympique Äischen betreit.

D'Krichsjoren

[änneren | Quelltext änneren]

No der Besetzung vu Lëtzebuerg duerch Däitschland am Mee 1940 muss den André Hausmann an senger Funktioun als Lehramtskandidat op der Lehrerbildungsanstalt (LBA) un alle grousse Versammlungen (Grosskundgebungen) deelzehuelen, déi vun der däitscher Besatzung organiséiert ginn[6]. Hien muss och de politeschen Organisatioune vum Besatzer beitrieden, wéi der Volksdeutsche Bewegung (VdB) an der Nationalsozialistische Volkswohlfahrt (NSV)[5].

Parallel dozou huet den André Hausmann allerdéngs Verbindungen zur lokaler Resistenz vun der Lëtzebuerger Vollekslegioun (LVL) zu Ouljen[7][8]. Hien hëlleft do bei Aktiounen zur Verdeelung vu Fluchblieder géint d’Germaniséierungspolitik[6]. 1942 nodeems hien d'Catherine, seng zukünfteg Fra, kennegeléiert huet, gëtt hien am Oktober vum Wehrbezirkskommando zu Lëtzebuerg als krichsdéngschtfäeg erkläert a fir den Reichsarbeitsdienst (RAD) zwangsrekrutéiert. Trotz schrëftlechen Ufroen vun de Buergermeeschtere vu Beefort an Iechternach an dem zoustännege Landrat, déi op de Manktem u qualifizéierte Schoulmeeschtere verweisen fir eng Unabkömmlichkeitsstellung (UK) fir hien z'erwiirken, gëtt seng Anzéiung nëmme kuerzfristeg verluecht[5].

Den 21. Juni 1943 trëtt den André Hausmann an de Reichsarbeitsdienst (RAD) an, a schafft an engem Aarbechtslager nieft der Sprengstofffabréck Dynamit Nobel AG an de Bëscher vu Bydgoszcz a Polen. De 25. September 1943 kënnt hien zréck op Déiljen, wou hien bis Dezember 1943 als Schoulmeeschter ré-intégréiert gëtt[6].

Am Dezember 1943 kritt den André Hausmann den Einberufungsbefehl A zougestallt fir an d'Wehrmacht. Hien entscheet sech doropshin, dësem Befeel net nozekommen a geet an den Ënnergrond bei säi Cousin. Hie lieft duerno wärend 10 Méint an diversen Stoppen bei Leit aus der Gemeng Näerden, do wou seng zukünfteg Fra Catherine wunnt. Am Januar 1944 gëtt hien aus dem Register vun den Schoulmeeschter gestrach an d'Militärgeriicht vun der 172. Divisioun vun der Wehrmacht zu Koblenz-Ehrenbreitstein enquétéiert géint hien wéinst Desertioun[5].

Mat Geschéck a Gléck gëtt hien net vu Kollaborateure verroden a mat der Arrivée vun den éischten amerikanesche Panzer op den Héichten ëm Näerden am September 1944 verléisst hien seng lescht Stopp a geet zréck op Ouljen. Hien ass zu deem Moment Member vun der Resistenzorganisatioun Unio’n a bedeelegt sech duerno u bewaffneten Patrullen a Sécherheetsdéngschter vun der Unio'n-Miliz zu Ouljen a Klengbetten[9].

Wärend senger pedagogescher Ausbildung an der Normalschoul trainéiert hien zesumme mat der Sportsekipp vum Institut Saint-Jean um Terrain vum ale Velodrom zu Märel a spillt vun 1937[4] un, an de Kompetitioune vun der Ligue nationale des étudiants-athlètes (LNEA), dem Virleefer vun der LASEL.

Als jonke Schoulmeeschter zu Déiljen huet den André Hausmann tëscht 1941 an 1943 am FC Syra Menster gespillt.

Als Schoulmeeschter zu Äischen entdeckt hien seng Léift fir de Schoulsport, a speziell fir de Futtball, erëm. Am Joer 1964[4] grënnt hien zesumme mat anere Schoulmeeschteren déi éischt lokal Sektioun vun der Ligue des associations sportives de l'enseignement primaire (LASEP) zu Äischen. Well et u Sportsinfrastrukture gefeelt huet, hu sech d'Aktivitéite vun der LASEP Äischen haaptsächlech op de Futtball an op d'Liichtathletik konzentéiert.

Vum September 1964 un, huet sech den André Hausmann am FC Olympique Äischen engagéiert, wou hien d'Roll vum Jugendleeder iwwerhëlt. Zesumme mam Schoulmeeschterkolleeg François Frank hëlleft hien, eng Schoulekipp fir de Veräin ze bilden, a gëtt Trainer a Begleeder bis 1978.

Duerch seng Aarbecht entsteet eng enk Verbindung tëscht der LASEP Äischen an dem FC Olympique Äischen, eng Zesummenaarbecht, déi den André Hausmann als wichteg fir d'Zukunft vum Veräin betruecht. Dës Partnerschaft tëscht der LASEP an dem FCO bewäert sech an de Joren duerno.

1978 gëtt den André Hausmann President vum FC Olympique Äischen gewielt a féiert de Veräin zesumme mat villen talentéierten Trainer zu bedeitende Succèsen. Den Héichpunkt vum FCO Äischen gëtt erreecht wéi de Club an d'Finall vun der Coupe de Luxembourg géint d'Jeunesse Esch[10] kënnt, déi de 6. Juni 1981[11] am Josy Barthel Stadion gespillt gëtt.

1987 trëtt den André Hausmann als President vum Veräin zréck.[4]

D'Haaptwierker

[änneren | Quelltext änneren]

Krieg… Liebe… Untergrund (2013)

[änneren | Quelltext änneren]

Krieg… Liebe… Untergrund ass eng autobiographesch Erzielung op Däitsch, déi den André Hausmann wärend senger Zäit als Refractaire geschriwwen huet, wou hie sech vun Dezember 1943 bis September 1944 verstoppt huet. An dësem Wierk erzielt hien d'Geschicht wéi hie seng zukünfteg Fra d'Cathriny an de Wirren vum Zweete Weltkrich kenne geléiert huet. D'Buch ass net nëmme e perséinleche Journal an eng grouss Libesgeschicht, mä och en historeschen Temoignage aus der Zäit vun der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg.[6]

Fussball ohne Grenzen (2010)

[änneren | Quelltext änneren]

Den FCO Eischen ass 85 Joer al ginn. An dësem Buch erzielt den André Hausmann d'Geschicht vum Äischener Futtball an den legendären Opstig vum FC Olympique Äischen bis an d'Coupe-Finall géint d'Jeunesse, eng Leeschtung déi sengesgläichen am Lëtzebuerger Fussball sicht.[4]

Aus aler Zäit - Erënnerungen aus de Virkrichsjoeren an dem 2. Weltkrich (1997)

[änneren | Quelltext änneren]

Mat dësem autobiographesche Roman beschreift den André Hausmann seng Entwécklung vum klenge Minettsdapp "Menn" zum Duerfjong voller Iddien a Spiichten, a méi spéit och säi beruffleche Werdegang zum Schoulmeeschter, an enger Zäit voller Problemer, Suergen a Geforen.[9]

Engagementer, Funktiounen a Posten

[änneren | Quelltext änneren]
  • Schäffen am Gemengerot vun Habscht, vun 1981 bis 1988[2]
  • Matgrënner vun der Amiperas, Sektioun Äischen, 1982
  • President vum RBS - Zenter fir Altersfroen, haut GERO, 1988[12][13][14]
  • Member vum conseil supérieur pour personnes âgées (vun 1999 un)[2]
  • Matgrënner vun der LASEP, Sektioun Äischen, a Member vum Comité vun 1964 bis 1987[15]
  • Member vum Nationalcomité vun der LASEP (Datumer onbekannt)[16][17]
  • Jugendleiter vum FCO Äischen vun 1964 bis 1978[14]
  • President vum FCO Äischen vun 1978 bis 1987[4][18]
  • Zënter 1960 Member vun der Associatioun vun den "Enrôlés de Force", Sektioun Äischen[19]
  • Member vum Verwaltungsrot vun den Œuvres paroissiales de Eischen vun 1978 bis 1989[20]
  • Member vum Comité vun der Amicale "LVL 1940–1946" (Datumer onbekannt)[8]
  • Personaldelegéierten fir d’Léierpersonal zu Äischen (Datumer onbekannt)[21]
  • Organisatiounsmember vum Poopstbesuch 1985 (Verantwortlechkeetsberäich Transport)[14]

Titelen an Auszeechnungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • Chevalier de l'Ordre du Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (1975)[22]
  • Instituteur principal honoraire de la commune de Hobscheid (1980)[23]
  • Médaille de mérite FLF en or pour services éminents rendus (1994)
  • Titre de Résistant par arrêté ministériel, carte no. 1937[24]
  • Ruban en argent des enrôlés de force 1968[25]

Literarescht Wierk

[änneren | Quelltext änneren]
  • Aus aler Zäit. Erënnerungen aus de Virkrichsjoeren an dem II. Weltkrich., Itzig, Service de Formation Socio-Familiale R.B.S., 1997, 212 p. (ISBN 9782919999866)
  • Krieg… Liebe… Untergrund, Luxembourg, Revue (éditions), 2013, 128 p. (ISBN 978-2-919999-86-6)
  • Fussball ohne Grenzen und die Geschichte des erstaunlichen F.C. Olympique Eischen, Luxembourg, Revue (Editions), 2010, 83 p. (ISBN 978-2-919999-66-8)

Bicher-Kollaboratiounen an aner Texter

[änneren | Quelltext änneren]
  • André Hausmann et al., am Buch: Déi Gefiller sinn nët ze beschreiwen! Erënnerungen un d'Liberatioun 1944/45, Itzig, Editioun service RBS - Groupe Biographique, 2005, 400 p. (ISBN 2-9599796-7-2), p. 34, 80, 124, 131, 145, 156, 234, 236, 245, 248, 251 et 285
  • André Hausmann et al., am Buch: 60 Jahre FC Olympique Eischen : 1922-1982, Imprimerie Reka, 1982, 187p.
  • André Hausmann et al., am Buch: Et war een deemols nët méisseg, Itzig, Editions Servic RBS, 2009, 240 p. (ISBN 978-2-9599721-5-7), p. 27, 77, 82, 101 à 106, 139, 175, 184 à 185, 196, 216, 225 à 228
  • D'Entwécklung vum Schoulwiesen, am Buch: 200 Joer Par Äischen, Bicentenaire de la paroisse d'Eischen, Petange, Imprimerie Heintz, 2008, 368 p., p. 227 à 244
  • Kannerspiller aus aler Zäit, am Buch: 100 Joer Ouljer Musek 1904-2004, Luxembourg, Imprimerie Watgen, 2004, 319 p. (ISBN 978-2-879-96816-2), p. 201 à 203, ill. 201
  • Markant Biller an Zeenen vum II. Weltkrich aus Ouljer Siicht, am Buch: 100 Joer Ouljer Musek : 1904 - 2004, 2004 (ISBN 978-2-879-96816-2), p. 257 à 265, ill. 257
  • Hobby Beschäftigungen, wéi se fréier um Duerf bestanen hun, am Buch: 100 Joer Ouljer Musek : 1904 - 2004, 2004 (ISBN 978-2-879-96816-2), p. 197 à 199
  • Hoffmann Paul (de Pittse Pol), am Buch: 100 Joer Ouljer Musek : 1904 - 2004, 2004 (ISBN 978-2-879-96816-2), p. 235 à 236
  • Leonardy Jos (Fils. Jos.) seng Erliefnesser am II. Weltkrich, am Buch: 100 Joer Ouljer Musek : 1904 - 2004, 2004 (ISBN 978-2-879-96816-2), p. 245 à 256
  • D'Zwangsrekrutéierung a "Kriegshilfsdienst" am II. Weltkrich, am Buch: 100 Joer Ouljer Musek : 1904 - 2004, 2004 (ISBN 978-2-879-96816-2), p. 229 à 232
  • D'Ouljer Meedercher am II. Weltkrich, am Buch: 100 Joer Ouljer Musek : 1904 - 2004, 2004 (ISBN 978-2-879-96816-2), p. 243
  • Die herrschaftliche Bannmühle von Olingen a.d.Syr, am Buch: 100 Joer Ouljer Musek : 1904 - 2004, 2004 (ISBN 978-2-879-96816-2), p. 145 à 149
  • Schoulmeeschter zu Déiljen am 2. Weltkrich, am Buch: Beaufort im Wandel der Zeit, Band 2, Beaufort, Imprimerie Saint Paul, 1993, 351 p. (ISBN 2919985019, lire en ligne), p. 315 à 323
  • Vun den 30er zu den 80er Joeren, am Buch: 50 Joer Âischener Scouten, Petange, 1984, p. 29 à 45
  • Nördingen, an der Zäitschrëft: Heimat und Mission 11/1978, Clairefontaine, 1978, p. 238 à 240
  • Das Jahr 1898 in Eischen, am Buch: 1898-1973 : Festivités du 75e anniversaire / Harmonie Eischen, Esch-sur-Alzette, 1973, p. 35 à 48
  • Kleinbettingen, an der Zäitschrëft: Revue 20/1970, 1970, p. 46 à 57
  • Von Hobscheid und seiner Geschichte, am Buch: 1919-1969 : Cinquantième anniversaire de l'Harmonie Hobscheid, 1969, p. 23 à 32
  • Hobscheid, an der Zäitschrëft: Revue 12/1969, Luxembourg, Editions Revue, 1969, p. 38 à 43
  • Steinfort in voller Blüte, an der Zäitschrëft: Revue 29, 30/1968, 1968, Nr. 29, p. 13-18 ; Nr. 30, p. 23-29
  • Nördingen gestern und heute, an der Zäitschrëft: Revue 47, 48, 49/1967, Editions Revue, 1967, Nr. 47, p. 22-25 ; Nr. 48, p. 24-27 ; Nr. 49, p. 24-26
  • Eischen im Wandel der Zeit, am Buch: Le livre du centenaire de l'église paroissiale d'Eischen, Luxembourg, Imprimerie St. Paulus, 1965, 200 p. (lire en ligne), p. 17 à 63
  • Eischen, Dorf an der Grenze (article d'histoire locale), an der Zäitschrëft: Revue 30/1963, Luxembourg, Editions Revue, 1963 (lire en ligne), p. 10 à 22
  • Der Fussballsport in Eischen..., am Dokument: Inauguration du nouveau drapeau et du terrain des sports le 19 juin 1960 : (Programme officiel), 1960

Konferenzen a Virliesungen

[änneren | Quelltext änneren]
  • André Hausmann, Vortrag über die Geschichte der Renterter Kapelle zum Anlass des Bischofstreffens, Eischen, 2 septembre 1978[26]
  • André Hausmann et al., Conférence "Besatzungszeit in Luxemburg" dans le cadre de l'exposition "Vernichtungskrieg. Verbrechen der Wehrmacht, CNFPC, Esch Raemerich, 2002[27]
  • Syndicat d'Initiative Eischen, Promenade culturelle à Eischen-Clairefontaine avec explications historiques et anecdotiques par André Hausmann., Eischen, 6 octobre 1984

Ernimmungen a Kommentarer

[änneren | Quelltext änneren]
  • Michel Schroeder, Des auteurs de chez nous. Leurs livres méritent notre attention, an: Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, 06.08.2013, Luxembourg, 2013[28]
  • Gabrielle Seil, Ewige Liebe & Ewige Treue, an der Zäitschrëft: Revue. 60 (2005) 37, p. 86-90, Revue (Editions), 2005[29]
  • Henri Koch-Kent, Sie boten Trotz. Luxemburger im Freiheitskampf 1939-1945, Luxembourg, 1974, 416 p., p. 20[30]
  • e.f., Zeitgenössische Geschichtsschreibung, an der Zäitschrëft: Revue, vol. 21, Editions Revue, 1973, p. 68[31]
  • Roby Zenner, A la mémoire d'André Hausman d'Eischen, an der Zäitschrëft: école et vie, vol. 6, 2015, p. 43-45
  • Lëtzebuerger Bicherediteuren, Bestseller 2011 - Numéro 10 sur les listes des meilleures ventes, 2011[32]
Commons: André Hausmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Acte de naissance no. 87/1920 des registres de l'état civil de la ville d'Esch-sur-Alzette
  2. 2,0 2,1 2,2 (fr)Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  3. Certificat d''examen de passage (Ûbergangsprüfung) délivré à André Hausmann le 16 juillet 1937
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 4,5 Fussball ohne Grenzen. shop.revue.lu. Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 Personalunterlagen des Lehrers Andreas Hausmann, Dossier CdZ-A-5598-15, Archives Nationales du Luxembourg, consulté le 12 janvier 2021.
  6. 6,0 6,1 6,2 6,3 Krieg... Liebe... Untergrund. shop.revue.lu. Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  7. André Hausmann et al., 100 Joer Ouljer Musek 1904-2004, 2004 (ISBN 978-2-879-96816-2)
  8. 8,0 8,1 Kongress Amicale LVL 1940-1946, Dans: De Beeforter 27/2002. Gekuckt de(n) 30 octobre 2024.
  9. 9,0 9,1 (de)Aus aler Zäit - Erënnerungen aus de Virkrichsjoeren an dem II. Weltkrich. Luxembook. Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  10. Euphorie in Eischen, an: Revue 20/1980
  11. FC Olympique Eischen 1985/86, an: Revue 1/1986
  12. (de)Tina Noroschadt, Die Liebe meines Lebens, an der Zäitschrëft Revue 6/2010 (2010). Gekuckt de(n) 1. November 2024.
  13. BnL Viewer. viewer.eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  14. 14,0 14,1 14,2 Roland Baumann, Altern ohne älter zu werden, an der Zäitschrëft Revue 34/1989. Gekuckt de(n) 1. November 2024.
  15. Ein Sechzigjähriger steht sich gut, an: Revue 42/1982. viewer.eluxemburgensia.lu (1982). Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  16. Luxemburger Wort, Die Lasep zog Bilanz. viewer.eluxemburgensia.lu (14. Juli 1970). Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  17. Luxemburger Wort, Die Lasep sucht Dirigenten. viewer.eluxemburgensia.lu (20. Oktober 1980). Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  18. Euphorie in Eischen, an: Revue 20/1980. viewer.eluxemburgensia.lu. Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  19. Luxemburger Wort, Die Zwangsrekrutierten der Sektion Eischen hielten Rückschau. viewer.eluxemburgensia.lu (12. März 1980). Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  20. Luxemburger Wort, 100 Jahre Pfarrei Eischen. viewer.eluxemburgensia.lu (16. November 1965). Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  21. Luxemburger Wort, Doppelfeier in Eischen. viewer.eluxemburgensia.lu (23. Februar 1967). Gekuckt de(n) 01.11.2024.
  22. Ordre de Jean, Grand-Duc de Luxembourg, Duc de Nassau, etc, donné au Palais de Luxembourg le 19 juin 1975.
  23. Décision du conseil communal de Hobscheid, séance du 17 juillet 1980
  24. Arrêté ministériel du 24 octobre 1997 octroyant les Titre, Carte et Insigne de Résistant à Monsieur André Hausmann, Eischen.
  25. FNEF LUX Fiche de renseignement 1969
  26. Luxemburger Wort, Bischofstreffen in Eischen (5. September 1978). Gekuckt de(n) 1. November 2024.
  27. Vortrag und Lesung "Besatzungszeit in Luxemburg" (4. Dezember 2002). Gekuckt de(n) 1. November 2024.
  28. Des auteurs de chez nous. Leurs livres méritent notre attention, dans: Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, 06.08.2013 (2013). Gekuckt de(n) 1. November 2024.
  29. Garielle Seil, Ewige Liebe & Ewige Treue, dans: Revue. 60 (2005) 37, p. 86-90 (2005). Gekuckt de(n) 1. November 2024.
  30. Sandra Schmit, André Hausmann. https://www.autorenlexikon.lu/+(14. Juni 2022). Gekuckt de(n) 1. November 2024.
  31. e.f., Zeitgenössische Geschichtsschreibung, dans: Revue 21/1973. Gekuckt de(n) 1. November 2024.
  32. Lëtzebuerger Bicherediteuren, Bestseller 2011 - Numéro 10 sur les listes des meilleures ventes (2011). Gekuckt de(n) 1. November 2024.