Kapell Wëntger
Ausgesinn
| ||||
|---|---|---|---|---|
Kapell vu Wëntger (2014) | ||||
| Uertschaft / Plaz | Wëntger | |||
| Par | Wëntger Sainte-Famille | |||
| Dekanat | Norden | |||
| Numm / Patréiner | Hl. Bernhard | |||
| Koordinaten | 50° 3’ 7.8’’ N 5° 55’ 8.4’’ O | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kapell zu Wëntger ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Wëntger Sainte-Famille, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wëntger gehéiert.
De Patréiner vun der Kapell ass den hellege Bernhard, deem säi Fest den 20. August gefeiert gëtt.
D'Kapell steet zentral an der Uertschaft an engem Säitewee vum CR332. Nieft der Kapell steet eng Lourdes-Grott.
De 14. Abrëll 2025 gouf s'als national Kulturierfschaft klasséiert.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis de 7. Mee 2017 war et eng Kapell an der Par Béigen, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur Par Béigen huet ausser der Kapell vu Wëntger och nach d'Parkierch vu Béigen an d'Filialkierch vun Heesdref gehéiert.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Wëntger
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kapell Wëntger – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Wëntger Sainte-Famille
- D'Fënstere vun der Kapell vu Wëntger op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Kapell Wëntger an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
-
D'Kapell vun Oste gesinn
-
Agank vun der Kapell
-
D'Lourdes-Grott nieft der Kapell
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 8. Oktober 2025).
