Kapell Waarken

Vu Wikipedia
Kapell vu Waarken
Kapell vu Waarken (2014)

Kapell vu Waarken (2014)
Kapell vu Waarken (2014)
Uertschaft / Plaz Waarken
Par Par Ettelbréck
Saints-Pierre-et-Paul
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Anna
Konsekratioun 1904
Desakraliséiert 2021
Architekt(en) J.P. Knepper-Gloesener
Baujoer 1904
Koordinaten 49° 51’ 18.5’’ N
      06° 05’ 27.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kapell zu Waarken war eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Ettelbréck Saints-Pierre-et-Paul, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Ettelbréck gehéiert huet an haut entweit ass.

D'Patréinesch vun der Kapell war d'Helleg Anna, där hiert Fest de 26. Juli gefeiert gëtt.

D'Kapell steet an der rue de Welscheid, dem CR349.

Zur fréierer Par Ettelbréck huet ausser der Kapell vu Waarken och nach d'Parkierch vun Ettelbréck an d'Kapell vu Grenzen gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng éischt Kapell, déi 1645 als Privatkapell fir de Peter Grals an den Nikolaus Arents vun Nidderwaarken gebaut gouf, stoung op der Kräizung vun der rue de Buerden (CR348) mat der rue de Welscheid (CR349). Well awer och déi aner Leit d'Kapell benotze wollten, gouf se op Demande vum Paschtouer den 9. August 1645 vum Weibëschof Otto vun Tréier feierlech geweit.

Well déi al Kapell baufälleg war an op där Plaz wou se stoung de Verkéier behënnert huet, gouf 1900 vum Gemengerot decidéiert, eng nei Kapell op enger anerer Plaz ze bauen. Déi nei Kapell gouf vun 1902 bis 1904 no de Pläng vum Architekt Jean-Pierre Knepper-Gloesener vun Dikrech geplangt a vum Entreprener J.-P. Hipp vun Ettelbréck gebaut. Den 28. Juli 1904 gouf se ageseent, déi éischt Mass gouf vum Paschtouer Heinrich Müller gehalen.

Um Héichaltor stoungen nieft enger Statu vun der Tréischterin am Leed och nach Statue vun de 4 Evangelisten.

D'Kapell gouf de 17. November 2017 op den Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen.[1] Si gehéiert zanter 2016 der Gemeng Ettelbréck a gouf Ufanks 2021 entweit.

D'Kapell soll als Plaz fir kulturell Manifestatiounen an den neie Schoulcampus integréiert ginn, wéi fir Liesungen, Concerten, Ausstellungen a Versammlungen. D'Dignitéit an d'Geschicht vum Gebai soll respektéiert bleiwen.[2].

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Déi zwou Klacken, a "re" an "do", goufen den 29. Dezember 1912 geweit. Si stamen aus der Klackegéisserei Conrad vu Colmar.

Uergelpositif[änneren | Quelltext änneren]

Den 13.Abrëll 2006 gouf een Uergelpositif vun der Uergelbaufirma Westenfelder vu Lëntgen geliwwert Dispositioun:
Gedackt 8'
Rohrflöte 4'
Flöte 2'
Quinte 1 1/3'

Tounëmfang C-c3
D'Instrument huet eng 4-stufeg Transpositionsvirriichtung: 392 Hz-415 Hz-440 Hz-465 Hz
Duerch Verréckle vun der Tastatur kann een 2 Halleftéin no ënnen, respektiv een Halleftoun no uewen transposéieren.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Baussen

Bannen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Waarken – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Arlette, Schmit, Ein letzter Blick ins Innere, Die Kapellen von Warken und Grentzingen werden leer geräumt und einer neuen Nutzung zugeführt, Luxemburger Wort, 3. Abrëll 2021, S. 30