Karel Čapek

Vu Wikipedia
Karel Čapek
Pseudonym K. Č., B. Č., Karel Plocek, Karel Vašek
Gebuer 9. Januar 1890
Gestuerwen 25. Dezember 1938
Prag
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Éisträich-Ungarn, Tschechoslowakei
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Iwwersetzer, Romancier, Regisseur, Fotograf, Dramatiker, Journalist, Science-Fiction-Schrëftsteller, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller, Philosoph, Moler, Literaturkritiker, Essayist, Dichter
Famill
Bestuet mat Olga Scheinpflugová
Papp Antonín Čapek
Geschwëster Josef Čapek

De Karel Čapek (IPA: ˈtʃapɛk), gebuer den 9. Januar 1890 zu Klein Schwadowitz (haut: Malé Svatoňovice) a gestuerwen de 25. Dezember 1938 zu Prag, war en éisträich-ungareschen, dunn tschechesche Schrëftsteller. Hie gëtt haut zu deene wichtegste Schrëftsteller an tschechescher Sprooch vum 20. Joerhonnert gezielt.

A sengem Theaterstéck R.U.R. (1920) huet hien dat Wuert Roboter bekannt gemaach (dat vu sengem Brudder Josef erfonnt gouf; d'Verb robota heescht sou vill wéi "wudderen", "sech hallef futti schaffen").

De Karel Čapek war och Journalist an e puer Joer laang Dramaturg a Regisseur beim Divadlo na Vinohradech zu Prag.

Seng schrëftstellersch Aarbechte ware breet gefächert, se gounge vu realistescher Prosa iwwer Drama bis hin zu utopescher, resp. dystopescher Literatur. Dacks ass eng zolidd Pouz Humor a Satire mat dran.

Och Detektivgeschichten, Romaner, Märercher a Schauspiller huet den Čapek geschriwwen, souguer e Buch iwwer Gaardebau.

Wierker (mam Titel vun der dt. Iwwersetzung)[änneren | Quelltext änneren]

Prosa[änneren | Quelltext änneren]

  • Zářivé hlubiny, 1916
  • Boží muka, Novellen 1917 (dt. Gottesmarter, 1918)
  • Krakonošova zahrada, 1918
  • Kritika slov, 1918
  • Překřtění ulic, Prag 1918
  • Trapné povídky, 1921
  • Továrna na absolutno, Roman 1922 (dt. Das Absolutum oder die Gottesfabrik, 1924, och: Die Fabrik des Absoluten)
  • Krakatit, Roman 1922; (dt. Krakatit, 1949)
  • O nejbližších věcech, 1925
  • Skandální aféra Josefa Holouška, 1927
  • Povídky z jedné kapsy, 1929 (dt. Geschichten aus der einen und der anderen Tasche, 1932)
  • Zahradníkův rok, 1929 (dt. Das Jahr des Gärtners, 1932)
  • Marsyas čili na okraj literatury, 1931
  • Apokryfy, 1932 (dt. Wie in alten Zeiten. Das Buch der Apokryphen, 1958)
  • O věcech obecných čili Zoon politikon, 1932
  • Hordubal, Roman 1933 (dt. Hordubal, 1933);
  • Povětroň, Roman 1934 (dt. Der Meteor, 1980)
  • Obyčejný život, Roman 1934 (dt. Ein gewöhnliches Leben, 1980)
  • Válka s mloky, Roman 1936 (dt. Der Krieg mit den Molchen, 1937); Dramatiséierung: Pavel Kohout, 1963
  • První parta, Roman 1937 (dt. Die erste Kolonne, 1938)
  • Život a dílo skladatele Foltýna, Roman 1939 (dt. Leben und Werk des Komponisten Foltýn, 1954)

Dramen[änneren | Quelltext änneren]

  • Lásky hra osudná, 1910
  • Loupežník, Komödie 1920; (dt. Der Räuber, 1934); Verfilmung 1931
  • R.U.R. (Rossumovi Universální Roboti) 1920
  • Ze života hmyzu, 1921 (Aus dem Leben der Insekten)
  • Věc Makropulos, 1922 (dt. Die Sache Makropulos, 1927); Vertounung vum Leoš Janáček: Die Sache Makropulos Oper 1926; Verfilmung: Tschechoslowakei 1958 (TV)
  • Adam stvořitel, 1927 (dt. Adam der Schöpfer, 1967)
  • Bílá nemoc, 1937 (dt. Die weiße Krankheit, 1937); Verfilmung: Tschechoslowakei 1937 (Regie: Hugo Haas)
  • Matka, 1938 (dt. Die Mutter, 1957)

Reesliteratur[änneren | Quelltext änneren]

  • Italské listy, 1923 (dt. Was mir in Italien gefiel und nicht gefiel, 1961)
  • Anglické listy, 1924 (dt. Seltsames England, 1936)
  • Výlet do Španěl, 1930 (dt. Ausflug nach Spanien, 1961)
  • Obrázky z Holandska, 1932 (dt. Liebenswertes Holland, 1957)
  • Cesta na sever, 1936 (dt. Die Reise nach dem Norden, 1938)
  • Obrázky z domova (dt. Bilder aus der Heimat, 1955)

Kannerbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Devatero pohádek a ještě jedna od Josefa Čapka jako přívažek, 1932 (dt. Doktoren, Katzen, Schwalben und Spatzen, 1933)
  • Dášeňka čili život štěněte, 1933 (dt. Daschenka. Das Leben eines jungen Hundes, 1934)

Philosophie[änneren | Quelltext änneren]

  • Pragmatismus čili Filosofie praktického života, 1918

Politesch Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Hovory s T. G. Masarykem och Hovory s TGM, dräi Bänn1928–1935 (dt.: Masaryk erzählt sein Leben. Gespräche mit Karel Čapek, Büchergilde Gutenberg, Zürich 1934
  • Mlčení s T. G. Masarykem, 1935 (dt. Schweigen mit T. G. Masaryk).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karel Čapek – Biller, Videoen oder Audiodateien