Kardeeg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Karwoch)

Mat Kardeeg oder Karwoch ginn déi dräi Deeg virun Ouschtere bezeechent, Gréngen Donneschdeg, Karfreideg a Karsamschdeg. D'Kardeeg heeschen op Latäin Triduum Sacrum (déi helleg dräi Deeg) oder Triduum Paschale (déi dräi Ouschterdeeg).

An der Liturgie fänkt dësen Zäitraum op Gréngen Donneschden u mat der Mass vun der leschter Owesmoolzecht vum Jesus vun Nazaret mat den Zwielef aus dem enke Krees vu senge Jünger a Jüngerinnen, iwwer Karfreideg, dem Dag vu sengem Leiden a Stierwen, iwwer Karsamschdeg, den Dag vun der Rou am Graf an hält op mat der Ouschternuecht, an där d'Operstéiung gefeiert gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kardeeg a Karwoch – Biller, Videoen oder Audiodateien
Ecce homo – Kuckt de Mënsch (Duerstellung aus dem 19. Jh)