Kategorie Diskussioun:Brécken an der Stad Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Spontan fale mer mindestens zwou historesch wichteg Brecken an di fehlen. Do wier emol d´Breck op der Gare Richtung Bouneweg an Hesper di an den 80er gebaut gin as an di al Breck op der selweschter Plaz ersat huet. Ech sin op des Sait komm well ech eng Photo vun eben der aler Breck gesicht hun. An da wier nach d´Breck op der Rocade de Bonnevoie di déi an den 90er oofgerapten Schwaarz Breck ersat huet. 37.157.153.97 13:57, 21. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien och, wann déi Brécken net an der Kategorie stinn da gëtt et héchstwahrscheinlech keen Artikle dervun. --Les Meloures (Diskussioun) 14:13, 21. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Et gëtt awer eng Foto vun der Schwaarzer Bréck, leider awer keen Artikel dozou.--MMFE (Diskussioun) 14:42, 21. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Dat do schéngt net déi richteg Schwaarz Bréck ze sinn, ausser et besteet d'Méiglechkeet datt ech mech fatzeg ieren. Dat do schéngt mer eng vun de Brécken ze sinn déi vun der Wallisplaz op Bouneweg gefouert hunn, oder et ass d'Passerelle fir op Bouneweg. D'Schwaarz Bréck war sou weit wéi ech weess déi Bréck am Millewee gewiescht wou elo déi rout Boubréck steet. --Les Meloures (Diskussioun) 16:05, 21. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Jo, esou gesinn ech dat och --Jwh (Diskussioun) 18:06, 21. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Dir hutt Recht, déi schwaarz Bréck war eng aner wéi déi hei niewendrun, awer vun enger ganz änlecher Konstruktioun. Si war awer net am Millewee, mä an der rue d'Alsace. Kuckt den Artikel op wort.lu. Vun där neier Bréck sinn och Fotoen do.--MMFE (Diskussioun) 23:26, 21. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Dach, dat as genee di "Schwaarz Breck" di ech gemengt hun, an di as vun der Strooss wou de Victory (spéider Anikibobo) loung hannert dem Parkhaus bis hannert d´Rotonden zu Bouneweg gaang. Keng Ahnung ob et nach eng "Schwaarz Breck" gouf. Em déi geht et mer awer manner wi em di al Garer Breck mat de Betonsbéi. Merci trotzdem! 37.157.153.110 12:31, 25. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]
Hei e puer Detailer zu der fréierer sougenannter "Bëtons-Bréck": D'Bréck gouf gebaut vun 1927 bis 1929 an huet déi fréier Unterführung, déi nëmmen 1 Spur hat fir den Autosverkéier, ofgeléist. Iwwert dës Bréck ass net nëmmen den Autosverkéier gelaf, mä och de "Jangli". D'Bréck déi haut do steet dréit de Numm "Pont Jean-Pierre Büchler" an ass en Deel vun der Nationalstrooss 3. --Pecalux (Diskussioun) 16:46, 25. Nov. 2014 (UTC)[äntweren]