Kepler-11

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kepler-11
Kënschtleresch Duerstellung vum Kepler-11
Stärebild: Cygnus (Cyg)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 19h 48m 27.62s
Deklinatioun + 41° 54' 32.9 "
Visuell Magnitude 14,2 mag
Spektralklass: G
Astrometrie
Distanz zirka 2000 Lj.
Radial Vitesse: −57,16 ± 0,34 km/s
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,95 ± 0,10 M☉
Radius: 1,10 ± 0,10
Metallizitéit [Fe/H]: 0,00 ± 0,10
Uewerflächentemperatur 5.680 ±100
Alter 6–10 Mrd.
Aner Bezeechnungen
GSC 03144-00002 - 2MASS J19482762+4154328

De Kepler-11 ass e sonnenähnleche Stär vun der Spektralklass G am Stärebild Cygnus. De Stär ass ronn 2000 Liichtjoer vun eis ewech a gëtt vun op d'mannst sechs Exoplanéiten ëmkreest. D'Planéite goufe bei der Auswäertung vun Donnéeë vum Kepler-Weltraumteleskop an de Joren 2010/11, entdeckt.[1]

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

Den Teleskop erkennt Ännerunge vun der Stärenhellegkeet wa Planéite virum Stär laanschtzéien (Transitmethod). Dës Hellegkeetsënnerscheeder leien am Fall vum Kepler-11 tëscht 0,03 % (Kepler-11b) an 0,14 % (Kepler-11e) an daueren tëscht véier bis néng Stonnen. Sou Transite vun eenzele Planéite si strikt periodesch.

Fënnef vun de sechs Planéite vum System hunn Ëmlafbunne mat enger grousser Hallefachs vun ongeféier 0,09 bis 0,25 AE. Domat wiere si an eisem Sonnesystem bannenzeg vun der Merkurëmlafbunn. D'Ëmlafbunn vum sechste Planéit, Kepler-11g, huet eng grouss Hallefachs vun ongeféier 0,46 AE a géif sech bei eis e bësse baussenzeg vun der Merkurbunn ophalen. Wéinst dem klengen Ofstand tëscht de bannenzege fënnef Planéite beaflosse si sech géigesäiteg, wouduerch Onregelméissegkeeten an den zäitlechen Ofstänn tëscht den Transiten entstinn. Déi Onregelméissegkeete loosse Réckschlëss op d'Masse vun de bedeelegte Planéiten zou. Fir de Kepler-11g konnt d'Mass op déi Manéier net bestëmmt ginn, well de Planéit ze wäit vun den aneren ewech ass an nëmme ganz wéineg interagéiert hat. Unhand vun Computermodeller gouf seng Mass dofir graff op manner wéi 300 Äerdmasse geschat. D'Masse vun de bannenzege Planéiten hunn ëmmer e puer Äerdmassen. Si gehéieren zu de klengste vun de bekannten Exoplanéite baussenzeg vun eisem Sonnesystem, fir déi Mass a Gréisst gemooss goufen.

D'Dichte vun de Planéite ginn Opschloss iwwer d'Haaptbestanddeeler: sou ass opgrond vun der klenger Dicht vu Kepler-11d an -e souwéi wahrscheinlech och vum Kepler-11-f unzehuelen, datt Waasserstoff de gréissten Deel vun hirem Volume bilt. D'Atmosphäre vu Kepler-11b an -c bestinn dogéint aus engem Waasserstoff/Helium-Gemësch, Waasserdamp oder Organesch Verbindungen. Et ass unzehuelen, datt Kepler-11b an -c an der Vergaangenheet méi Waasserstoff an der Atmosphär haten, deen awer wéinst hirer klenger Distanz zum Stär verluer hunn. D'Käre vun de Planéite bestinn aus Gestengs an Eisen.

D'Planéitesystem vu Kepler-11 ass méi flaach wéi eist Sonnesystem, d'Ëmlafbunne vun de Planéite si bal kreesfërmeg a leie bal all am selwechte Plang. D'Bunnpläng vu Kepler-11e a Kepler-11g si mat op d'mannst 0,6° liicht géintiwwer gebéit. Déi kleng Bunnschréiegt vun de Planéiten zueneen hat et méiglech gemaach, déi sechs Exoplanéite mat Kepler an der Transitmethod ze fannen. Domat ass et dat éischt Planéitesystem mat de meeschten Transitplanéiten.[2] Wéinst de ville Planéiten déi vir a beim Stär transitéieren, ass et méiglech, de gläichzäitegen Transit vu méi wéi engem Planéit z'observéieren. Sou gouf de 26. August 2010 en dräifachen Transit observéiert, wéi de Kepler-b, -d an -e gläichzäiteg virun hirem Stär waren.[2]

Planéit Mass
(an Äerdmassen)
Radius
(in Äerdradien)
Dicht
(g/cm3)
Ëmlaf
zäit

(Deeg)
Grouss
Hallefachs

(AE)
Bunnschréiegt
(Grad)
Simulatioun
vum Orbit
b 4.3 (2.3 - 6.5) 1.97 ± 0.19 3.1 (1.6–5.2) 10.30375 0.091 88.5 [1]
c 13.5 (7.4 - 18.3) 3.15 ± 0.30 2.3 (1.2–3.6) 13.02502 0.106 89 [2]
d 6.1 (4.4 - 9.2) 3.43 ± 0.32 0.9 (0.6–1.4) 22.68719 0.159 89.3 [3]
e 8.4 (6.5 - 10.9) 4.52 ± 0.43 0.5 (0.3–0.7) 31.9959 0.194 88.8 [4]
f 2.3 (1.1 - 4.5) 2.61 ± 0.25 0.7 (0.3–1.4) 46.68876 0.25 89.4 [5]
g < 300 3.66 ± 0.35 118.37774 0.462 89.8 [6]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]