Kepler-34

Vu Wikipedia
Kepler-34
Stärebild: Cygnus (Cyg)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 19h 45m 44,597s
Deklinatioun + 44° 38' 29,62"
Spektralklass: G0V / G0V
Gréissteklass 13,2 mag
Parallax
Distanz 1499 ± 33 Parsec
Grouss Hallefachs 0,22882+0,00019−0,00018 AE
Exzentrizitéit 0,52087+0,00052−0,00055
Mass: Mass1: 1,0479+0,0033−0,0030
Mass2: 1,0208 ± 0,0022
Bunnschréi: 89,8584+0,0075−0,0083
Radius: Radius1: 1,1618+0,0027−0,0031
Radius2: 1,0927+0,0032−0,0027
Aner Bezeechnungen
KOI KOI-2459
KIC KIC 8572936
Kepler-Bezeechnung Kepler-34
2MASS J19454459+4438296

De Kepler-34 (oder KOI-2459) ass en Duebelstäresystem am Stärebild Cygnus. Hie läit ongeféier 4900 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech. Béid Stäre gi vun engem zirkumbinären Exoplanéit ëmkreest.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'System besteet aus zwéi sonnenänleche Gielen Zwerge mat der Spektralklass G. D'Mass an de Radius vu béide Komponente gläiche sech a sinn eppes méi grouss wéi déi vun eiser Sonn. De Kepler-34 A a B kreesen eemol an eppes manner wéi 28 Deeg op enger exzentrescher Bunn ëm hire kollektive Baryzentrum. Hir grouss Bunnhallefachs ass ongeféier 0,22882 AE. Fir en Observateur op der Äerd zéien die béid Stäre bei hirer géigesäiteger Ëmkreesung laanschteneen. De Kepler-34 ass sou e bedeckungsverännerlecht System.

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

Mat Hëllef vum Weltraumteleskop Kepler gouf mat der Transitmethod e Planéit nogewisen, deen ëm déi béid Stäre kreest. Seng Entdeckung gouf 2012 publizéiert. De Planéit mat der Bezeechnung Kepler-34b (oder Kepler-34(AB) b) huet e Radius vun ongeféier 0,764 Jupiterradien an eng Mass vu ronn 0,220 Jupitermassen. Hie kreest eemol an 288,822 Deeg op enger eppes exzentrescher Bunn ëm déi béid Stäre mat enger grousser Bunnhallefachs vun ongeféier 1,0896 AE.

Den Exoplanéit Kepler-34 b läit an der habitabler Zon, woubäi d'Stralungsenergie, déi hie wärend sengem Ëmlaf vu béide Stäree kritt, staark variéiert. De Planéit ass méiglecherweis net am Beräich vum System entstanen, mä a méi wéi 1,5 AE Distanz an dierft dann duerch Migratioun seng haiteg Bunn ageholl hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie