Zirkumbinäre Planéit

Vu Wikipedia
Kënschtleresch Duerstellung vun engem zirkumbinäre Planéit

En zirkumbinäre Planéit ass e Planéit, dee sech ëm een Duebelstär beweegt.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt ugeholl, datt d'Duebelstären an d'Planéiten déi s'ëmkreesen aus enger kollektiver Akkretiounsscheif entstane sinn. En Indiz dofir ass, datt all Ëmlafbunne vun zirkumbinäre Planéite, déi mat der Transitmethod nogewise goufen, koplanar sinn, d. h. d'Ëmlafbunn vum Duebelstäresystem an déi vum Planéit leien op engem Plang. E weidert Indiz ass d'Miessung vum Rossiter-McLaughlin-Effet, wouno d'Rotatiounsachs vum zirkumbinäre Planéit senkrecht op hirem Bunnplang steet an d'Planéiten a Richtung vun hirer Ëmlafbunn rotéieren. Allerdéngs kënnen si net op där Plaz entstane sinn, wou si observéiert ginn. Banne vun zéng A. E. sinn déi dynamesch Aflëss op d'Bunne vun de Planéitesimale sou grouss, datt si op elliptesche Bunnen ëm d'Duebelstäresystem lafen. Bei enger Kollisioun zerstéiere sech déi Planéitesimale wéinst der grousser Relativvitess, amplaz uneneen ze pechen an e Planéit ze bilden. Déi zirkumbinär Planéiten sinn dofir nodréiglech op hir haiteg Plaz gewandert wéi d'Hot Jupiter.

Bestëmmung vun der Mass[änneren | Quelltext änneren]

D'Radien vun de Planéite kënnen duerch d'Déift vum Liichtoffall beim Transit bestëmmt ginn, net awer hir Mass. Allerdéngs beaflossen zirkumbinär Planéiten – am Géigesaz zu Planéiten ëm Eenzelstäre – och d'Bunn vum zentralen Duebelstäresystem. Aus de klengen Zäitvariatioune bei den Transitte virun der Scheif vun de béide Stäre kënnen d'Masse vun de Planéiten ofgeschat ginn, wann d'Masse vun den Duebelstäre bekannt sinn. Well aus Stabilitéitsgrënn d'Planéiten awer a wäite Bunnen ëm de kollektive gravitative Zentrum ëmlafen, leien nach keng genee Wäerter vir.

Noweiser[änneren | Quelltext änneren]

Transitmethod[änneren | Quelltext änneren]

Onstrëtteg sinn Noweiser vun zirkumbinäre Planéiten duerch d'Transitmethod, wa si also beim Laanschgang virun de Stäre vum Duebelstäresystem eng kleng Verdonklung vun der Stärenuewerfläch verursaachen.

Liichtlafzäiteffet[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst dem Liichtlafzäiteffet bei bedeckungsverännerleche Stäre wéi d'HW-Virginis-Stären kënnen zirkumbinär Planéite bis elo nëmmen ugeholl ginn. En indirekte Nowäis vun zirkumstellare Planéite kann duerch d'Verännerunge an den Zäitpunkte vu minimaler Hellegkeet duerch e Bedeckungsliichtwiesssel vu béide Stären an engem Duebelstäresystem gemaach ginn.

Planéiten déi wéinst dem Liichtlafzäiteffet ugeholl ginn, si bei HW Vir, NY Vir, UZ For, RR Cae, HU Aqr, DP Leo, NN Ser an NSVS 14256825 notéiert ginn. Keng vun deene Planéitebunne schéngt koplanar ze sinn, well et net gelongen ass Transitte vu d'Planéiten an deene Duebelstäresystemer z'observéieren. Weider si vill vun de Bunnen net dynamesch iwwer e méi laangen Zäitraum stabil, well déi ugeholle Planéitemassen ganz héich misste sinn fir eng miessbar Auswierkung op d'Stären ze hunn. Weider ass et bis elo net gelongen de weidere Verlaf vun den Ofwäichunge vun de Bedeckungsminima vun enger linearer Ephemerid virauszesoen, well iwwerlagerend Effeter wéi Massentransferen tëscht de Stären oder magnéitesch Aktivitéit op de Stären d'Zäitpunkte vun der minimaler Hellegkeet beaflossen. Déi iwwer de Liichtlafzäiteffet ugehollen zirkumbinär Planéite brauchen nach eng Confirmatioun.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Bis zum 15. Oktober 2012 sinn duerch d'Transitmethod an de follgenden Duebelstäresystemer zirkumbinär Planéite bekannt ginn:

weider Entdeckungen:

  • Kepler-1647, 2016 gouf do dee bis elo gréissten zirkumbinäre Planéit entdeckt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie