Op den Inhalt sprangen

Kepler-90

Vu Wikipedia
Kepler-90
Verglach vum Sonnesystem an dem Kepler-90
Stärebild: Draco (Dra)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 18h 57m 44.0s
Deklinatioun + 49° 18' 19"[1]
visuell Magnitude ? mag[1]
Spektralklass: G6 – F6
Astrometrie
Radialvitess: + 4,0 ± 0,9 km/s
Parallax 35,13 ± 0,90 mas
Distanz 2500 Lj
Absolut Hellegkeet +14,0 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 1,14 ± 0,12 M☉[1]
Radius: 1,2 ± 0,1 R☉1,2 ± 0,1
Liichtkraaft: 1,60 ± 0,5 L☉
Metallizitéit: −0,17 ± 0,21[1]
Uewerflächentemperatur: 5930 ± 320 K[1]
Alter: > 100 M[2]
Aner Bezeechnungen
KIC 11442793
KOI 351
GSC N2EM001018
USNO-A2.0 1350-10067455
2MASS J 18574403+4918185

De Kepler-90 oder KOI-351 ass en Haaptreiestär am Stärebild Draco an eiser Mëllechstrooss. Hie läit ongeféier 2500 Liichtjoer vun eis ewech[2].

Nom aktuelle Fuerschungsstand huet de Kepler-90 e Planéitesystem mat siwe Planéiten. Et ass änlech wéi eist Sonnesystem opgebaut: stärenno, kompakt Gestengsplanéiten a méi wäit ewech, grouss Gasplanéiten. Déi fënnef bannenzeg Planéite si vun der Gréisst hier, Superäerden oder Mini-Neptunen. Déi béid baussenzeg Planéite si Gasrisen. Allerdéngs ass d'Planéitesystem Kepler-90 méi dicht zesummegedréckt[3]. Dee baussenzege vun de siwe bis elo entdeckte Planéiten, ëmkreest säin Zentralstär am selwechten Ofstand wéi d'Äerd d'Sonn.

KOI ass d'Ofkierzung fir Kepler Object of Interest. Dat heescht datt de Stär wärend der NASA-Missioun vum Kepler-Weltraumteleskop tëscht 2008 an 2013 observéiert gouf an dobäi als Kandidat fir d'Existenz vun Exoplanéite klasséiert gouf. De Kepler-90 ass am Ament de Stär mat de meeschte bekannten Exoplanéiten (Aktuell Okt. 2013)[4].

Kepler-90 b an c

[änneren | Quelltext änneren]

De Kepler-90 b gouf mat der Transitmethod entdeckt.[5] Hien ass 31 % méi grouss wéi eis Äerd. De Kepler-90 c ass nach e bëssi méi kleng an nëmmen 19 % méi grouss wéi eis Äerd. Fir sou kleng Planéiten z'entdecken ass guer net sou einfach, well mat der Transitmethod, d'Planéiten nëmmen duerch de periodeschen Offal vum Stäreliicht entdeckt kënne ginn. Déi Reduktioun entsteet wann de Planéit virum Stär laanschtzitt. Bei dësen Exoplanéite goufen déi charakteristesch Liichtbéi, déi den Transit vum Planéit virum Stär verroden, aus de Kepler-Miessungen erausgefiltert.

Nieft der Gréisst vun de Planéiten ass bemierkenswert, datt si sech an enger sougenannter 5:4 Resonanz befannen. Dat bedeit, datt an der Zäit, an där de Kepler-90 b de Stär 5 mol ëmkreest, huet de Kepler-90 c de Stär genee 4 mol ëmkreest. Domat begéine sech d'Planéiten ëmmer op de selwechte Positiounen. Änlech Resonanze kenne mer och vun de bannenzege Mounde vum Jupiter.[4] Fir weider dynamesch Interaktioune mat den anere Planéite gëtt et keen Unhaltspunkt.

Kepler-90 d, e an f

[änneren | Quelltext änneren]

De Planéit Kepler-90 d kreest ëm de Stär mat enger Period vu 60 Deeg. Dat ass ze vergläiche mat der Ëmlafperiod vum Merkurs ëm d'Sonne. De Radius ass 2,9-mol sou grouss wéi dee vun der Äerd. Hien ass domat méiglecherweis eng Aart Superäerd oder e Mini-Neptun. Well d'Mass nëmme geschat ass, kann ee nach net entscheeden, zu wéi enger Klass dëse Planéit gehéiert.

De Planéit Kepler-90 e ass ongeféier sou grouss wéi de Kepler-90 d (2,7-fachen Äerdradius). De Phenomeen, datt Nopeschplanéiten am Planéitesystem änlech Gréissten hunn, ass aus eisem Sonnesystem bekannt, beispillsweis beim Neptun an dem Uranus oder bei der Venus an der Äerd. Bei Exoplanéite gouf dat mat der Entdeckung vum Kepler-90 a senge Planéite fir d'éischt observéiert. Dat ënnersträicht d'Änlechkeet mat eisem Sonnesystem[4].

Och de Planéit Kepler-90 f ass mat dem 2,9-fache vum Äerdradius änlech grouss wéi de Kepler-90 d an e. Weider sinn déi dräi Planéite bal an 2:3:4 Resonanz an hir Bunne si quasi zirkulär[2].

Kepler-90 g, h an i

[änneren | Quelltext änneren]

D'Gasrise Kepler-90 g a Kepler-90 h hunn een ongeféier 8-fache respektiv 11-fachen Duerchmiesser vun der Äerd. Béid Planéite kreesen op laangperiodesche baussenzege Bunnen an 211 respektiv 331 Deeg ëm hire Stär.

De Kepler-90 g an den h goufe mat der Transitmethod entdeckt[1]. D'Donnéeë weisen aus, datt de Kepler-90 g eventuell vun engem Mound begleet gëtt[2]. D'Distanz vum Planéit deen am wäitsten ewech ass, de Kepler-90 h, ass ronn 1,01 AU. Dat ass de mëttleren Ofstand vun der Äerd zu der Sonn. De Kepler-90i kreest ëm de Stär tëscht de Bunne vum Kepler-90c a Kepler-d.

Planéit
Entdeckungsjoer Mass Ëmlafzäit
[d]
Grouss Hallefachs
[AU]
Radius
[RE]
Temperatur
[K]
Inklinatioun
[Grad]
Rotatiounsdauer
[h]
b 2013 3 ME 7,00815 ± 1,9e-05 0,074 ± 0,016 1,31 ± 0,17 1056,0 89,4 ± 1,5 3,99 ± 0,15
c 2013 3 ME 8,71938 ± 2,7e-05 0,089 ± 0,012 1,19 ± 0,14 981,0 89,68 ± 0,74 4,41 ± 0,18
d 2013 10 ME 59,7367 ± 3,8e-04 0,32 ± 0,05 2,87 ± 0,3 518,0 89,71 ± 0,29 8,4 ± 0,19
e 2013 10 ME 91,939 ± 7,3e-04 0,42 ± 0,06 2,66 ± 0,29 448,0 89,79 ± 0,19 9,71 ± 0,19
f 2013 10 ME 124,914 ± 1,9e-03 0,48 ± 0,09 2,88 ± 0,52 592,0 89,77 ± 0,31 10,94 ± 0,25
g 2013 1,7 MN 210,607 ± 4,3e-04 0,71 ± 0,08 8,1 ± 0,8 340,0 89,80 ± 0,06 12,593 ± 0,045
h 2013 0,8 MJ 331,6006 ± 3,7e-04 1,01 ± 0,11 11,3 ± 1,0 292,0 89,6 ± 1,3 14,737 ± 0,046
i 2017 ca. 3 ME 14,44912 ± 2,0e-04 0,12 ± 0,02 1,32 ± 0,21 709 ± 75 89,2 ± 1,3 2,80 ± 0,31

Portal Astronomie

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 exopanet.eu: Planet KOI-351 h, gekuckt den 29. Oktober 2013
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Cabrera et al. The Planetary System to KIC 11442793, Astrophysical Journal (submitted)
  3. Schmitt et al. Planet Hunters VI, Astronomical Journal (submitted)
  4. 4,0 4,1 4,2 DLR: Zweites Sonnensystem entdeckt, gekuckt den 29. Oktober 2013
  5. exoplanet.eu: Planet KOI-351 b, gekuckt den 29. Oktober 2013