Op den Inhalt sprangen

Kierch Béiwen-Atert

Vu Wikipedia
Kierch vu Béiwen-Atert
Kierch vu Béiwen-Atert (2013)

Kierch vu Béiwen-Atert (2013)
Kierch vu Béiwen-Atert (2013)
Uertschaft / PlazBéiwen-Atert
Par Äischdall-Helpert
Saint-Willibrord‎
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Mariä Gebuert
Konsekratioun 1868
Baujoer 1853
Koordinaten 49° 45’ 15.5’’ N
      06° 01’ 40.8’’ O
D'Kierch vu Béiwen-Atert (Ostsäit)

D'Kierch vu Béiwen-Atert (Ostsäit)
D'Kierch vu Béiwen-Atert (Ostsäit)
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Béiwen un der Atert ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Äischdall-Helpert Saint-Willibrord an zu der Gemeng Helperknapp gehéiert.

Si steet zentral am alen Duerfkär op der Helpert-Strooss, dem CR114. De Kierfecht ass nieft der Kierch ugeluecht.

D'Kierch ass der Gebuert vun der Muttergottes Maria geweit, an huet als Niewepatréiner den hellege Vältes. Op Vältesdag gëtt vum Béiwener Männerchouer eng Kënnbakestee organiséiert. Den Erléis ass zu Gonschte vum Kiercherot.[1]

Den 22. Oktober 2025 gouf d'Kierch, mam Kierfecht an der Morgue, als national Kulturierfschaft klasséiert.[2]

Bis de 6. Mee 2017 war et d'Parkierch vun der Par Mariä-Gebuert Béiwen/Atert, zanter dem 7. Mee 2017 ass s'eng Filialkierch vun der Par Äischdall-Helpert St. Willibrord.

Et ass e Bauwierk vun 1853. 1967 gouf de Chouer reamenagéiert.

Nodeem am Joer 2005 d'Fassad an den Heizungsraum erneiert goufen, krut d'Kierch 2008 bannenan en neien Ustrach.

Am Tuerm vun der Béiwener Kierch hänken dräi Klacken déi an den Téin c" b' g' lauden.

An der Kierch steet eng Uergel, déi 1982 vum Georg Westenfelder gebaut gouf.[3]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel an der Kierch vu Béiwen-Atert.

Paschtéier zu Béiwen-Atert

[änneren | Quelltext änneren]
00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
  • Johann Nicolas Majeres vu Beeler; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 26.07.1854 – 25.04.1856
  • Johann Frank vun Esch-Uelzecht; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 15.06.1856 – 12.06.1869
  • Johann Weis vu Gonnereng; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 16.09.1869 – 11.06.1884
  • Johann Peter Peffer vu Lelleg; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 16.07.1884 – 20.04.1887
  • Johann Peter Mergen vu Lelleg; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 22.04.1887 – 12.12.1894
  • Theodor Bertrang vun Hamm; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 19.12.1894 – 01.10.1900
  • Nicolas Drees vun Elveng (Remich); Paschtouer zu Béiwen-Atert 01.10.1900 – 20.10.1905
  • Johann Erpelding vu Roudemer; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 20.10.1905 – 21.08.1919
  • Pierre Frommes vu Reisduerf; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 17.09.1919 – 1943+
  • Léon Schütz; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 1943 - 25.07.1961
  • Joseph Hansen vu Steesel; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 25.07.1961 – 29.06.1970
  • Charles Guill vun Hollerech; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 29.06.1970 – 05.07.1997
  • Ferdy Fischer vu Keel; Moderator vum Pastoralteam: 05.07.1997 - 21.08.2004
  • Joël Santer vu Wecker; Paschtouer zu Béiwen-Atert: 21.08.2004 -
 Commons: Kierch Béiwen-Atert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Massard, J.A. (2007): Vogelhochzeit, Schweineköpfe, Fallsucht und rote Rosen: Valentinstag in Luxemburg einst und jetzt. Lëtzebuerger Journal 60. Jg., Nr. 31 (14. Februar 2007), S. 22-23.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Februar 2026).
  3. Boevange-sur-Attert, Béiwen un der Atert. www.orgues.lu. Gekuckt de 07.11.2025.