Dräifaltegkeetskierch zu Bënzelt
| ||||
---|---|---|---|---|
Filialkierch vu Bënzelt (2011) | ||||
Uertschaft / Plaz | Bënzelt | |||
Par | Ëlwen–Wäiswampich Saint-François | |||
Dekanat | Norden | |||
Numm / Patréiner | Hl. Dräifaltegkeet | |||
Baujoer | 1893 | |||
Koordinaten | 50° 07’ 05.3’’ N 06° 02’ 11.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Dräifaltegkeetskierch vu Bënzelt ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Wäiswampech gehéiert.
D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Duarrefstrooss, dem CR337. Se ass der helleger Dräifaltegkeet geweit. Nieft der Kierch ass der Kierfecht ugeluecht.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis de 7. Mee 2017 war et d'Filialkierch vun der Par Holler, déi zum Parverband Ëlwen, Wäiswampech, Wëntger, zu der Pastoralregioun Norden an zum Dekanat Klierf gehéiert huet. Zur fréierer Par Holler huet ausser der Filialkierch vu Bënzelt och nach d'Parkierch vun Holler an d'Kapell vu Breedelt gehéiert.
De Chronogramm
[änneren | Quelltext änneren]Iwwer dem Kiercheportal kann een dëse Chronogramm gesinn, deen d'Joer 1893 duerstellt:
- ERECTO TIBI REX
- SOLIO DVLCISSIME IESV
- PERPETVO POPVLO PROPITIARE TVO
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]Am Kierchtuerm vu Bënzelt hänke 4 Klacken déi an den Téin fa = f", mib = es", do = c" a la dièse = b' lauden.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dräifaltegkeetskierch zu Bënzelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Ëlwen–Wäiswampich Saint-François
- D'Fënstere vun der Kierch vu Bënzelt op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
-
D'Kierch vu Süde gesinn
-
D'Kierch vun Nordweste gesinn
-
Agank vun der Kierch an der Ostsäit vum Tuerm