Kierch Lëtzebuerg-Beggen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kierch Beggen)
Kierch vu Beggen
D'Beggener Kierch 2013

D'Beggener Kierch 2013
D'Beggener Kierch 2013
Uertschaft / Plaz Beggen
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Architekt(en) Joseph Jentgen
Baujoer 1936-1937
Koordinaten 49° 38’ 35.4’’ N
      06° 07’ 43’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Beggen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

D'Kierch ass der Helleger Famill vun Nazareth geweit. De Festdag ass den éischte Sonndeg no Chrëschtdag.

Se steet zu Beggen an der Haaptstrooss, der Beggenerstrooss (N7). De Kierchtuerm steet separat zirka 30 m virun der Kierch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Beggen ass eréischt am Joer 1949 eng eegestänneg Par ginn. Virdrun huet Beggen zu der Par Weimeschkierch gehéiert. Deen éischte Paschtouer vun der Par war de Camille Eyschen.

D'Kierch gouf vun 1936 bis 1937 no de Pläng vum Architekt Joseph Jentgen gebaut.

Wéinst dem Zouhuele vun der Bevëlkerung koum et an de Joren 1963 bis 1964 ënner dem Architekt Robert Leer zu enger Vergréisserung duerch de Bau vun engem neie Chouerraum an engem vun der Kierch getrennten Tuerm. Dowéinst ass s'op der Strooss (N7) scho vu wäitem ze gesinn.

D'Gestaltung vum Banneraum geet haaptsächlech op d'Aarbechte vum Jean Thill an den 1960er Joren zeréck.

Se gouf de 27. Abrëll 2019 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).