Op den Inhalt sprangen

Kierch Briddel

Vu Wikipedia
Kierch um Briddel

Uertschaft / Plaz Briddel
Par Mamerdall
Saint-Christophe
Dekanat Lëtzebuerg
Konsekratioun 19. Mäerz 1972
Architekt(en) René Schmit
Koordinaten 49° 39’ 23.3’’ N
      06° 04’ 44.8’’ O
Kierchen - Kapellen
D'Kräiz iwwer dem Altor

D'Kierch vum Briddel ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mamerdall Saint-Christophe, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Koplescht gehéiert.

De Grondstee fir d'Briddeler Kierch gouf den 9. November 1969 geluecht. D'Pläng ware vum Briddeler Architekt René Schmit. Se gouf den 19. Mäerz 1972 vum Bëschof Jean Hengen geweit.

Den 21. Juni 2017 gouf s'op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]

Kierch vu bannen

[änneren | Quelltext änneren]

Den Tabernakel an d'Kräiz si vum Jean Thill, den Dafsteen vun Thill a Schmit.

Déi 307 m2 abstrakt Glasbëtongsfënstere si vum Mett Hoffmann a Jean Thill.

D'Diere goufe vun der Maggy Stein entworf a weisen engersäits d'Schëpfung an anerersäits e Liewensbam.

Am Joer 1990 krut d'Kierch eng Uergel vun der Firma Kleuker vu Bielefeld-Brackwede.

D'Kierch vu baussen

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).