Kierch Gëtzen
Ausgesinn
| ||||
|---|---|---|---|---|
| Uertschaft / Plaz | Gëtzen | |||
| Par | Äischdall Saint-François et Sainte-Claire | |||
| Dekanat | Süden-West | |||
| Numm / Patréiner | Helleg Bäerbel | |||
| Konsekratioun | 1880 | |||
| Desakraliséiert | Oktober 2024 | |||
| Koordinaten | 49° 39’ 33.44’’ N 5° 58’ 48.25’’ E | |||
| Kierchen - Kapellen | ||||
D'Kierch vu Gëtzen war eng kathoulesch Kierch, déi dem Kierchefong gehéiert huet a bis zu hirer Entweiung am Oktober 2024[1] zur Par Äischdall Saint-François-et-Sainte-Claire, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerch gehéiert huet.
D'Patréinesch war d'Helleg Bäerbel, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.
D'Gebai steet an der rue de Windhof, zirka 80 m vun der Kräizung mam CR109.
Entrée
[änneren | Quelltext änneren]An der Fassad iwwer der Entrée steet eng Statu vum Cornelius, dee vum Mäerz 251 bis de Juni 253 Bëschof vu Roum war.
Wandmolerei
[änneren | Quelltext änneren]1947 huet de Gustave Zanter d'Apsiswänn mat monumentale Molereien dekoréiert, déi 2004 vum "Marc Theisen & Compagnie" restauréiert goufen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Jean-Jacques Flammang S.C.J., Monique Lanckohr-Ries, Marianne Lauer-Kartheiser, Jos Mersch, 2007: 125 Joer Gëtzener Kierch 1880 - 2005, 48 S.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kierch Gëtzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Westsäit vun der Gëtzener Kierch (2012)
- Statu baussen op der Kierch
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Äerzbëscheeflechen Dekreet vum 22.07.2024
