Kierch Gouschteng

Vu Wikipedia
Kierch vu Gouschteng
Parkierch vu Gouschteng (2013)

Parkierch vu Gouschteng (2013)
Parkierch vu Gouschteng (2013)
Uertschaft / Plaz Gouschteng
Par Par Musel a Syr
Saint-Jacques
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Baujoer 1859
Koordinaten 49° 40’ 43.9’’ N
      06° 26’ 30.5’’ O
D'Kierch aus Nordoste gesinn

D'Kierch aus Nordoste gesinn
D'Kierch aus Nordoste gesinn
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Gouschteng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Musel a Syr Saint-Jacques, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Fluessweiler gehéiert.

De Patrozinium vun der Kierch ass d'Helleg Kräiz. D'Fest gëtt de 14. September gefeiert.

D'Kierch steet op der Kräizung vun der Buerggaass, dem CR143, an der rue Bildgen, dem CR134.

Se gouf den 29. Mäerz 2019 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Gouschteng huet ausser der Parkierch vu Gouschteng och nach d'Filialkierch vu Beyren gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf 1859 um fréiere Kierfecht, dee vun den éischte fränkesche Siidler ugeluecht gi war, gebaut an 1897 vergréissert. Haut ass de Kierfecht zirka 60 m nordëstlech vun der Kierch ugeluecht.

1904/05 ass d'Kierch mat Wandmolereie vum Gerhard Lamers a mat faarwege Glasfënstere vun der Firma Gassen und Blaschke vun Düsseldorf kënschtleresch verschéinert ginn. D'Motiver vun de Fënstere weisen d'Liewe vu Maria, der Mamm vum Jesus.

1949 ass eng Uergel aus der Uergelmanufaktur Haupt vu Lëntgen mat 408 Päifen opgeriicht ginn. Dës Uergel gouf 1983 vum Herbert Schmidt vu Miersch ëmgebaut an ëmfaasst elo 900 Päifen.

1958/59 sinn d'Klacke vum Handbetrib op Automatik ëmgestallt ginn a vun där Zäit u schléit och eng Auer. Awer eréischt 1999 sinn op dräi Säite vum Klackentuerm Zifferblieder fir d'Auer ubruecht ginn.

1970 ass d'Kierch banne renovéiert ginn. Vun der aler Wandmolerei si just zwee Biller am Chouer erhale bliwwen. Si weisen de Melchisedek an den Abraham.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Gouschtenger Kierch huet 3 Klacken déi am Schlagtoun d, c a b' lauden.

2000 huet den Äerzbëschof Fernand Franck eng nei Klack ageseent. Déi war an der Klackegéisserei Johann Mark und Sohn, haut Äifeler Klackegéisserei, gegoss ginn. Déi al Marieklack hat ee Rass kritt a konnt net méi benotzt ginn. Dës al Klack steet elo hannen an der Kierch.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Gouschteng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).