Kierch Haassel

Vu Wikipedia
Kierch vun Haassel

Uertschaft / Plaz Haassel
Par Hesper–Réiser–Weiler
Disciples d'Emmaüs
Dekanat Süden-Ost
Numm / Patréiner Hl. Lucia
Koordinaten 49° 33’ 00.8’’ N
      06° 12’ 33.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Haassel ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Weiler zum Tuer gehéiert.

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Lucia, där hiert Fest den 13. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet hanner dem fréiere Gemengenhaus op der Haaptstrooss (rue de Dalheim), dem CR162. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Ausser der Filialkierch vun Haassel gehéiert zur Par Weiler zum Tuer och nach d'Parkierch vu Weiler zum Tuer.

Den Altor[änneren | Quelltext änneren]

De barocken Altor gouf den 20. Februar 1979 op den Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter gesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Haassel – Biller, Videoen oder Audiodateien