Kierch Holztem

Vu Wikipedia
Kierch vun Holztem
Filialkierch vun Holztem (2014)

Filialkierch vun Holztem (2014)
Filialkierch vun Holztem (2014)
Uertschaft / Plaz Holztem
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Servatius
Konsekratioun 1885
Koordinaten 49° 59’ 04.1’’ N
      06° 04’ 19.1’’ O
D'Kierch von Oste gesinn

D'Kierch von Oste gesinn
D'Kierch von Oste gesinn
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Holztem ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Parc Housen gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Servatius, deem säi Fest den 13. Mee gefeiert gëtt. Niewepatréiner ass den hellegen Antonius de Groussen, deem säi Fest de 17. Januar gefeiert gëtt.

Se steet op der Place de l'Église déi un d'Haaptstrooss, den CR322, grenzt. Se ass op der Säit vum Tuerm direkt un e Wunnhaus ugebaut.

Zur fréierer Par Konstem gehéiert ausser der Filialkierch vun Holztem och nach d'Parkierch vu Konstem.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zu Holztem gouf et schonn am Joer 1570 eng Kapell, déi dem hellegen Antonius geweit war an am Laf vun der Zäit e puermol nei opgebaut gouf. Am Joer 1896 (Datum iwwer dem Portal) si gréisser Verännerungen un der Kierch gemaach ginn. Den Agank gouf op d'Ostsäit verluecht an op der Westsäit en Tuerm mat enger Sakristei ugebaut. De Patréiner war vun do un den hellege Servatius.

Den zweete Weltkrich hat d'Kierch ouni gréisser Schied iwwerstanen. Se huet awer 1946 nei Fënstere vun der Firma Linster kritt.

1961 gouf den Daach erneiert an am Joer 1965 ass d'Kierch vu bannen a bausse renovéiert ginn. D'Haaptaarbechte waren eng Ëmännerung vum Chouer, de Bau vun enger neier Sakristei, eng nei Waarmloftheizung an eng nei Fassad. De Banneraum gouf no de Pläng vum Kënschtler Egino Weinert vu Köln verännert. Den 10. Juli 1965 gouf vum Bëschof Léon Lommel en neien Altor konsekréiert. Dobäi goufe Reliquië vun der hl. Maria Goretti an den hellege Cosmos an Damianus am Altor agemauert. Duerno huet de Leo Kirsch, en neie Priister aus dem Duerf, seng éischt Mass op deem neien Altor gehalen, wat normalerweis vum Bëschof gemaach gi wier.

De Chouer an d'Kiercheschëff gouf vum November 2005 bis Januar 2006 vum Usträicherbetrib Patrick Kremer aus Housen nei ugestrach.

Zanter 1948 huet Holztem en eegene Kierfecht.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

An der Kierch vun Holztem hänken zwou Klacken, déi 1883 vum J. Goussel-François vu Metz gegoss goufen:

  • Mariaklack: Ø 55 cm, Héicht 46 cm, Gewiicht 90 kg
  • Servatiusklack: Ø 50 cm, Héicht 43 cm, Gewiicht 75 kg

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Edmond Faber, 2013: Wissenswertes aus der Pfarrei Consthum-Holzthum, Impr. Saint-Paul, 424 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Holztem – Biller, Videoen oder Audiodateien