Kierch Iewerleng
| ||||
---|---|---|---|---|
Parkierch vun Iewerleng (2014) | ||||
Uertschaft / Plaz | Iewerleng | |||
Par | Par Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Maximäin | |||
Baujoer | 1769 | |||
Koordinaten | 49° 46’ 24.0’’ N 05° 57’ 17.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Iewerleng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Useldeng gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Maximäin, deem säi Fest den 29. Mee gefeiert gëtt.
Se steet am Süde vun der Uertschaft Am Eck. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Iewerleng gehéiert ausser der Parkierch vun Iewerleng och nach d'Filialkierch vu Schandel.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1808 gouf Iewerleng eng eege Par, mat Schandel als Filial.
1852 gouf d'Kierch eng zweet Kéier vergréissert a krut e Grondrëss a Form vun engem Kräiz. Ageweit gouf se 1864, an d'Kierchepatréiner ware vun do un den hellege Maximäin, d'helleg Margeréit an d'helleg Agatha. Am rietse Säiteschëff gouf den Altor aus schwaarzem Marber opgeriicht.
1958 krut d'Kierch no enger Renovatioun eng Waarmloftheizung.
Déi grouss Restauratioun vun 1971
[änneren | Quelltext änneren]Ënner dem Paschtouer Léon Hoffmann koum et 1971 zu enger kompletter Renovéierung. Den Héichaltor an de Säitenaltor, déi am neogotesche Stil waren, goufen ewechgeholl. Den Duxall gouf ofgerappt, d'Fënstere goufen all ersat an eeche Bänke goufen opgestallt. Den ale wäertvolle Priedegtstull krut eng nei Funktioun. E gouf ëmgebaut, a gëtt als Ambo benotzt.
An dat lénks Säiteschëff koum 1972 eng nei Uergel vun der Firma Sebald vun Tréier an et gouf do Plaz geschaf fir de Kierchechouer. D'Heizung gouf ausgebaut an de Kiercheraum krut en neie Buedembelag.
Den neien Héichaltor
[änneren | Quelltext änneren]1988 gouf ënner dem Paschtouer Nicolas Hardt en ale Barockaltor, dee virdrun an der Méchelskierch stoung, am Chouerraum opgestallt.
D'Fënsteren
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierchefënstere si vum Jean Zanter, dem Jong vum Gustave Zanter
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Iewerleng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Atertdall Sainte-Claire (lb)
- D'Fënstere vun der Kierch vun Iewerleng op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op der Websäit orgues.lu
-
D'Kierch aus westlecher Richtung gesinn