Kierch Konsdref

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Kierch vu Konsdref
Parkierch vu Konsdref (2015)
Uertschaft Konsdref
Par Konsdref
Numm / Patréiner Hl. Bartholomäus
Konsekratiounsjoer -
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Konsdref ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Konsdref, zum Parverband Konsdref, zu der Pastoralregioun Osten, zum Dekanat Iechternach an zu der Gemeng Konsdref gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer Carlo Morbach vu Konsdref.

Patréiner ass den hellege Baartelméis, deem säi Fest de 24. August gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zu Konsdref um Fouss vun der Lëtzebuergerstrooss, Eck Mëllerdallerstrooss (CR118).

Den Kierchtuerm koum de 6. Dezember 1982 als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]

Zur Par Konsdref gehéieren ausser der Parkierch vu Konsdref och nach d'Filialkierch vu Präiteler, d'Filialkierch vu Scheedgen an d'Kapell vu Kolwent.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Vun den Ufäng bis zum 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Verschidden Historiker ginn dovun aus, datt et schonn ëm d'Joer 700 eng Par zu Konsdref gouf. Eng éischt Kéier ernimmt gouf d'Konsdrefer Parkierch am Joer 1229. 1570 gëtt d'Irmina vun Oeren, als Stëftungshelleg an engem Dokument ernimmt. 1624 koum den Apostel Bartholomäus als Patréiner dobäi. 1764 gouf d'Kierch, déi baufälleg gi war, ofgerappt a bis 1771 nei gebaut. Déi Zäit soll och de fréigotesche Kierchtuerm, deem seng Grondmauren op d'12.-13. Jh. zréckginn an dee wahrscheinlech op réimesche Fundamenter steet, méi héich gebaut gi sinn. Den 10. Dezember 1858 huet de Gemengerot decidéiert, d'Kiercheschëff em d'Hallschent ze vergréisseren, fir sou eng Fläch vu ronn 285 m² Plaz fir eng 1400 Leit ze kréien. Zanterhier ass d'Kierch an hirer architektonescher Grondform onverännert bliwwen.

Ännerungen am 20. Joerhonnert:[änneren | Quelltext änneren]

  • Ënner dem Paschtouer Theodor Bertrang (1900-1915) gëtt 1910 en neien Héichaltor gebaut, mat an der Mëtt der imposanter Statu vum hellege Bartholomäus, an 1912 vum Bëschof Koppes konsekréiert.
  • Ënner dem Paschtouer J. Bonaventura Jentgen (1915-1920) gëtt 1917 den Triumphbou vum Steemetzer Langini vu Bollendref ubruecht.
  • Ënner dem Paschtouer J. P. Apel (1939-1948) gëtt eng elektronesch Uergel (déi éischt elektronesch Kierchenuergel am Land!) bei der Firma Constant Martin vu Versailles kaaft, déi allerdéngs scho kuerz Zäit drop de Geescht opgëtt, soudatt nees um Harmonium gespillt gëtt.
  • Ënner dem Paschtouer Mathias Goergen (1948-1964) gëtt en neien Duxall gebaut, d'Kierch kritt nei Aganksdieren an en neie Buedem mat enger elektrescher Foussbuedemheizung.
  • Ënner dem Paschtouer Adolphe Ernzer (1964-1969) gëtt 1968 den Altorberäich, konform zu de Bestëmmunge vum Zweete Vatikanesche Konzil, ëmgeännert, woubäi aus der stengener Kommiounbänk e Volleksaltor gemaach gëtt. An dem Här Ernzer seng Zäit fält och d'Uschafung vun enger éischter Päifenuergel vun der Firma Sebald vun Tréier souwéi e Kräizwee vum Émile Hulten.
  • Ënner dem Paschtouer René Linster SCJ (1969-1979) gëtt de Priedegtstull ewechgerappt an eng grouss Bannen- a Bausserenovéierung an Ugrëff geholl, nodeem 1974 Baschten an de Mauere constatéiert goufen an d'Kierch fir baufälleg erkläert gouf. De 5. Juni 1975 huet de Gemengerot dofir gestëmmt, d'Kierch ofzerappen an nei bauen ze loossen. Schlussendlech gouf sech awer fir d'Renovéierung vun der aler Kierch ëmdecidéiert, virun allem och well dee fréigoteschen Tuerm huet missen erhale bleiwen. De 15. Juni 1976 gouf de Verbotz ofgeklappt, an d'Strukture vum romaneschen Tuerm an de gotesche Fënsterbéi aus der Zäit ëm 1225 goufe fräigeluecht. Den Tuerm gouf net méi verbotzt, soudatt een déi verschidde Bauperoide gesi kann. D'Steng goufe propper gemaach a fixéiert. De 17. Juli 1977 waren d'Restauratiounsaarbechte bausse fäerdeg an Allerhellgen 1978 déi bannenan. Bannendra koum en neie Plafong, eng Teppechwand vir an eng hëlzen Oftrennung hannen. Et gëtt och divers Ännerungen un der Uergel virgeholl. De 16. Dezember 1979 gouf déi restauréiert Kierch vum Bëschof Jean Hengen ageweit.
  • Ënner dem Paschtouer Georges Hoffmann (1979-1986) kënnt den Tuerm de 6. Dezember 1982 als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter.
  • Ënner dem Paschtouer Paul Baustert (1986-1990) gëtt eng Neigestaltung vun der Uergel duerch d'Firma Westenfelder an Ugrëff geholl.

Lëscht vun de Paschtéier[änneren | Quelltext änneren]

  • 1900-1915: Théodore Bertrang
  • 1915-1920: J. Bonaventura Jentgen
  • 1920-1939: Charles Stirn
  • 1939-1948: Jean-Pierre Apel
  • 1948-1964: Mathias Goergen
  • 1964-1970: Adolphe Ernzer
  • 1970-1979: René Linster scj
  • 1979-1986: Georges Hoffmann
  • 1986-1990: Paul Baustert
  • 1990-....: Carlo Morbach

D'Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Konsdrëffer Uergel gëtt ugeschaaft am Joer 1969. Et ass en Instrument vun der Firma Sebald vun Tréier. Am Kader vun der Bannerestauréierung gëtt d'Uergel vun därselwechter Firma schonn 1979 ganz anescht opgestallt (neit Gehais, neie Spilldësch), mä d'Dispositioun an d'Päifematerial bleiwen onverännert. 1990 gëtt d'Uergel vun der Firma Westenfelder vergréissert, nei intonéiert an nei disposéiert. Detailer:

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Fernand Schmit, Die Consdorfer Pfarrkirche von den Anfängen bis 1900, in: 100 Joer Chorale Sainte-Cécile Consdorf, 2012, S.128-137
  • Thierry Origer, Die Consdorfer Pfarrkirche im 20. Jahrhundert, in: 100 Joer Chorale Sainte-Cécile Consdorf, 2012, S.138-139
  • Commune de Consdorf, Bénédiction de l'église paroissiale restaurée et inauguration du monument aux morts, Ed. Saint-Paul, Luxembourg 1979
  • Emile Donkel, Kirche und Kloster in Consdorf. Zum goldenen Jubiläum des Klosters (1917-1967), Ed. Saint-Paul, Luxembourg 1967.
  • Thierry Origer, Die Orgel in Consdorf. Eine außergewöhnlich bewegte Geschichte, in: 100 Joer Chorale Sainte-Cécile Consdorf, 2012, S.141-144.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Konsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Service des Sites et Monuments Nationaux: Liste consultative des immeubles et objets protégés par l'État: Communes de A à C. (Lescht Versioun vum 2. Abrëll 2019).