Kierch Lannen

Vu Wikipedia
Kierch vu Lannen

Uertschaft / Plaz Lannen
Par Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Matthäus
Koordinaten 49° 47’ 19.7’’ N
      05° 50’ 16’’ O
Kierchen - Kapellen


D'Kierch vu Lannen ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Réiden op der Atert gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Matthäus, deem säi Fest den 21. September gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft an der Kierchestrooss, dem CR106.

Am Tuerm vun der Kierch si Fresken aus dem 13. Joerhonnert, op deenen Helleger an Apostele ze gesi sinn.[1]

Den Tuerm gouf de 27. Mee 1963 als Nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen, an den 31. Juli 1968 gouf déi ganz Kierch als nationaalt Monument klasséiert.

Zur fréierer Par Rued gehéiert ausser der Kierch vu Lannen och nach d'Parkierch vu Rued.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lannen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lannen op redange.lu.