Kierch Osper

Vu Wikipedia
Kierch vun Osper
Kierch vun Osper (2011)

Kierch vun Osper (2011)
Kierch vun Osper (2011)
Uertschaft / Plaz Osper
Par Par Atertdall
Sainte-Claire
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Remigius
Koordinaten 49° 46’ 49.8’’ N
      05° 54’ 37.2’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vun Osper ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Réiden op der Atert gehéiert.

De Patréiner ass den hellege Remigius, deem säi Fest den 1. Oktober gefeiert gëtt.

Se läit op enger Héicht laanscht d'Haaptstrooss, der N23, am südëstlechen Agang vum Duerf. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Osper huet ausser der Dekanatskierch vun Osper och nach d'Filialkierch vu Räichel gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Chouer gouf 1542 gebaut, woubäi ugeholl gëtt, datt se op réimesche Fëllementer steet. De Kierchtuerm ass aus dem 11. Joerhonnert.

Bannen an der Kierch gëtt et Wandmolereien aus dem 13./14. Joerhonnert. Méi spéit gouf den Interieur vun der Kierch dem zäitgenëssesche Stil, dem Barock, ugepasst.

1938 gouf se no Norden hi vergréissert.

1968 gouf d'Kierch op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als "Nationaalt Monument" opgeholl.

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Kierchtuerm vun Osper hänken 3 Klacken déi am Schlagtoun La (a’), Sol (g’), Fa (f‘) lauden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Osper – Biller, Videoen oder Audiodateien