Kierch Schëtter
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Schëtter | |||
Par | Par Iewescht Syr Saint-Esprit | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péitrus | |||
Proprietär | Kierchefong[1] | |||
Koordinaten | 49° 37’ 26.5’’ N 06° 16’ 07.8’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Schëtter ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schëtter gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Péitrus, deem säi Fest den 29. Juni gefeiert gëtt.
Den 21. Juni 2017 gouf se als nationaalt Monument op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]
D'Kierch steet op der Place de l'église, déi un der Haaptstrooss, dem CR132 läit. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Schëtter gehéiert ausser der d'Parkierch vu Schëtter och nach d'Scoutekapell vum Neihaischen.
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]D'Kierch vu Schëtter huet 4 Klacken am Tuerm déi am Toun La, Sol, Fa an Do oder och ënnert der Dispositioun c", a', g' f' lauden. Déi zwou kleng Klacke sinn aus dem Joer 1848 an déi zwou grouss Klacke sinn 1948, honnert Joer méi spéit an den Tuerm komm.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Schëtter
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Schëtter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Nei Par Sektor Ost
- D'Fënstere vun der Kierch vu Schëtter op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu