Kulturzentrum Kinneksbond

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Kinneksbond)
Kulturzentrum Kinneksbond
Land Lëtzebuerg
Gemeng Mamer
Koordinaten 49°37'41"N, 6°1'50"O
Architekt(en) Jim Clemes

De Kulturzentrum Kinneksbond (Kinneksbond, Centre culturel Mamer) ass en Zentrum fir klassesch, modern an zäitgenëssesch Konscht an de Beräicher Musek, Theater, Danz, Artistik a Literatur zu Mamer.

Den Zentrum läit op der Areler Strooss (N6), net wäit vum Rond-point.

De Kulturzentrum Kinneksbond ass den 30. an 31. Oktober 2010 vun der Kulturministesch Octavie Modert ageweit ginn.

Et ass de Sëtz vum Orchestre de chambre du Luxembourg, der Harmonie Gemeng Mamer an der Museksschoul vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA).

De Kinneksbond huet e grousse Sall, dee mat Still maximal 433 Leit faasst. En ass technesch ganz usprochsvoll ageriicht an huet eng gutt Akustik. D'Bün huet eng variabel Gréisst vun 139 bis 265 m².

Ausserdeem gëtt et nach e Proufsall vun 265 m², véier schalldicht Raim vun 32 – 75 m² an am Keller eng Galerie vun 175 m².

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • Sylvie Martin (2010 - 2014)
  • Jérôme Konen (zanter Mee 2015)[1]

Den Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

„Bond” kënnt vum alhoudäitschen „biwand“: eppes wat sech ronderëm schlängelt, en Terrain dee ronderëm agepercht ass. De Kinneksbond war deemno en Terrain, ursprénglech warscheinlech en agezéngte Päsch, deen der Kroun gehéiert huet. Den Numm Kinneksbond huet sech iwwer de ganze Flouer gezunn an et bestinn haut nach Flouernimm déi sech drop bezéien: Kinneksbond, bei Kinneksbond, ënnert Kinneksbond.

Am Joer 1842 hunn der Kroun, dem deemolege Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg, Wëllem II., ronn 51 Ar Terrainen zu Mamer gehéiert: e Gaart am Duerf, Wisen op der Lösperwies, eng Plaz an en Aker op Oberstbirel, an och nach eng Wiss in den Wuosen. 1849 goufe verschiddenen Terrainen un d'Société des hauts-fourneaux vu Bréissel an un de Schlasshär Friedrich François verkaaft. Dem Kinnek säi Verwalter Baron Ziegesar huet iwwerdeems dem Pierre Redlinger aus Kéfesch als Merci fir seng trei Déngschter e Stéck Land geschenkt[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kulturzentrum Kinneksbond – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jérôme Konen übernimmt Leitung op wort.lu, 10. Mäerz 2015, 18:12
  2. Op Nofro, Erklärunge vum Centre Culturel Mamer, op Basis vun engem Dokument vum Ralph Letsch