Kulturzentrum Kinneksbond

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kulturzentrum Kinneksbond

De Kulturzentrum Kinneksbond (Kinneksbond, Centre culturel Mamer) ass en Zentrum fir klassesch, modern an zäitgenëssesch Konscht an de Beräicher Musek, Theater, Danz, Artistik a Literatur zu Mamer.

Geographesch läit de Kinneksbond op der Arelerstrooss (N6), net wäit vum Rond-point.

De Kulturzentrum Kinneksbond ass den 30. an 31. Oktober 2010 vun der Kulturministesch Octavie Modert ageweit ginn.

Et ass de Sëtz vum Orchestre de chambre du Luxembourg, der Harmonie Gemeng Mamer an der Museksschoul vun der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA).

De Kinneksbond huet e grousse Sall, dee mat Still maximal 433 Leit faasst. En ass technesch ganz usprochsvoll ageriicht an huet eng gutt Akustik. D'Bühn huet eng variabel Gréisst vun 139 bis 265 m².

Ausserdeem gëtt et nach e Proufsall vun 265 m², véier schalldicht Raim vun 32 – 75 m² an am Keller eng Galerie vun 175 m².

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • Sylvie Martin (2010 - 2014)
  • Jérôme Konen (zanter Mee 2015)[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kulturzentrum Kinneksbond – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jérôme Konen übernimmt Leitung op wort.lu, 10. März 2015, 18:12