Kokand

Vu Wikipedia
D'Seidestrooss an Zentralasien
De Xudayar-Khan-Palais

Kokand (op Usbeekesch: Qoʻqon/Қўқон; op Tadjikesch: Қӯқанд/Qūqand oder Хӯқон/Xūqon, op Russesch: Коканд) ass eng Stad an Usbekistan mat engen 190.000 Awunner.

Si läit op der fréierer Seidestrooss an ass och haut nach eng wichteg Verkéierskräizung um Wee fir an dat fruchtbart Ferganadall. An der Industriestad gi virun allem Dünger, Chemikalien, Maschinnen, Textilien a Kascht produzéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kokand gëtt et schonn op d'mannst zanter dem 10. Joerhonnert, als Statioun op der Karawannestrooss tëscht Indien a China. D'Mongolen hunn d'Stad am 13. Joerhonnert zerstéiert.

Déi haiteg Stad huet sech ronderëm e Fort entwéckelt, dee 1732 op der Plaz vun enger méi eelerer Festung mam Numm Eski-Kurgan gebaut gouf. 1740 gouf se d'Haaptstad vum usbeekesche Kinnekräich, dem Khanat vu Qoʻqon, dat sech bis an d'éischt Hallschent vum 19. Joerhonnert ausgedeent huet fir souguer Deeler vu Kasachstan z'ëmfaassen. Et war souwuel en Handels- wéi och e reliéist Zentrum, mat iwwer 300 Moscheeën. Tëscht 1863 an 1873 huet de Xudayar Khan e Palais baue gelooss, deen zu deene gréissten an Zentralasien zielt. Haut ass e Musée an 19 vun den ursprénglech 113 Raim (iwwer d'Hallschent vum fréiere Palais besteet net méi, déi viischt Fass dogéint gouf restauréiert).

Russesch Truppen ënner dem Michail Skobelew hunn d'Stad 1883 ageholl, déi dunn en Deel vum russesche Generalgouvernement Turkestan ginn ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kokand – Biller, Videoen oder Audiodateien