Koméit Biela

Vu Wikipedia
3D/Biela
De Koméit 3P/Biela am Februar 1846
Orbittyp kuerzperiodesch
Grouss Hallefachs 3,535
Perihel 0,879 AE
Aphel 6,190 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.751
Perihelduerchgank 24. September 1852
Ëmlafdauer 6 a 236 d
Ëmlafvitess 42,04 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker W. v. Biela
Entdeckungsdatum 27. Februar 1826
Aner Bezeechnungen

De Koméit Biela (offiziell Bezeechnung 3D/Biela) ass een nom Wilhelm Freiherr von Biela genannte periodesche Koméit. Den "D" a senger Bezeechnung steet fir dat englescht "disappeared" ("verschwonnen") a weist, datt de Koméit net méi existéiert, nodeem hien am Joer 1846 auserneegebrach ass war a sech duerno héichstwarscheinlech vollstänneg opgeléist huet. De Biela war deen éischte Koméit an der Geschicht vun der Koméitefuerschung, bei deem eng Deelung observéiert gouf.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit gouf de 27. Februar 1826 als klenge, ronnen Niwwelfleck vum éisträicheschen Offizéier an Amateurastronom Wilhelm von Biela zu Josefstadt (Josefov, haut en Deel vu Jaroměř, däitsch Jermer) am nërdleche Béimen entdeckt. Dem Biela war et och gelongen eng Bunnbestëmmung ze maachen, aus där ervirgoung, datt et sech beim Objet ëm e kuerzperiodesche Koméit mat enger Ëmlafszäit vun zirka 6,6 Joer gehandelt huet. Nodréiglech gouf sou erkannt, datt et sech ëm dee selwechte Koméit gehandelt huet, dee scho 1772 vum Jacques Leibax Montaigne a vum Charles Messier souwéi 1805 vum Jean-Louis Pons entdeckt gi war. Datt hien net bei all Sonnenëmlaf gesi gouf, louch un ongënschtegen Äerd-Sonnpositiounen.[1] Och 1833 an 1839 gouf en net observéiert.

Nom Koméit Halley, dem Koméit vum Olbers (13P/Olbers, 1815) an dem Koméit Encke (1815) war de Biela eréischt dee véierte Koméit, deen als periodesch erkannt gouf.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmlafbunn vum Koméit Biela hat d'Form vun enger laanggestreckter Ellips, där hire sonnennooste Punkt (Perihel) knapps bannenzeg vun der Äerdbunn louch. De sonnewäitste Punkt (Aphel) louch eppes méi wäit wéi d'Bunn vum Planéit Jupiter, wat hien als kuerzperiodesche Koméit vun der Jupiter-Famill ausgezeechent huet. D'Bunn louch ronn 13° schréi zu der Ekliptik.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Koméit koum, wéi virausgesot 1832 zeréck, wou hie fir d'éischt de 24. September vum John Herschel gesi gouf.

Et war dat éischt Joer an der Geschicht vun der Mënschheet, an deem zwéi periodesch Koméiten ugekënnegt waren. Am Ufank hat een eréischt véier, vun deenen dräi eréischt tëscht 1815 an 1826 als periodesch erkannt waren. De Biela sollt am Oktober 1832 säin zweete Retour hunn an d'Äerdbunn op 2½-fachem Äerdduerchmiesser kräizen (allerdéngs ee Mount, ier d'Äerd op dëse Punkt koum). Sou gouf et e bëssi Opregung an et gouf souguer spekuléiert iwwer en Zesummestouss oder op d'mannst eng Auswierkung vum Schwäif. Et goufen och Sintfluten a Cholera virausgesot.

Zum Joreswiessel 1845/1846 konnten d'Astronomen observéieren, wéi de Koméit an zwéin Deeler zerbrach ass, déi sech da lues vuneneen distanzéiert hunn. Am Mäerz 1846 war den Ofstand tëscht de béide Brochstécker, déi béid e kuerze Schwäif ausgebilt haten, schonn op 300.000 Kilometer ugewues war. Och beim nächste Rendez-vous vum Koméit am Joer 1852 konnten déi béid Deeler observéiert ginn. D'Distanz tëscht deene béide Stécker war op 2,5 Millioune Kilometer gewuess, wat en Auserneedrifte mat 40–50 km/h virausgesat huet.

De Retour vum Koméit gouf fir d'Joren 1859 an 1865 virausgesot, de Koméit konnt awer net erëmfonnt ginn. Och am Joer 1872 blouf d'Sich nom Koméit ouni Erfolleg. Et konnt awer de 27. November – dem Dag, op deem d'Äerd d'Bunn vum Koméit gekräizt huet – eng Meteorschauer mat bis zu 3000 Stäreschnäitze pro Stonn observéiert ginn: Anscheinend huet et sech dobäi ëm d'Iwwerreschter vum vollstänneg opgeléisten Himmelskierper gehandelt. Deen als Bieliden (oder Andromediden) bezeechente Meteorstroum konnt och 1885, 1892 an 1899 observéiert ginn, seng Intensivitéit goung awer stänneg zeréck. Duerno goufen d'Bieliden net méi gesinn.

Wärend der Meteorschauer vum 27. November 1885 war am Norde vu Mexiko den Meteorit vu Mazapil erofgefall. Dësen Eisemeteorit gouf ufanks fir e Brochstéck vum Koméit Biela gehalen. Haut geet een allerdéngs dovun aus, datt de Fall vum Meteorit wärend der Bielide-Schauer net méi wéi en Zoufall war.

D'Ëmlafbunn vun engem liichtschwaache Koméit mat der offizieller Bezeechnung P/2001 J1 (NEAT), deen den 11. Mee 2001 vun der Himmelsiwwerwaachung Near Earth Asteroid Tracking entdeckt gouf, gläicht der Bunn vum Koméit Biela. Et ass awer onkloer, ob et sech tatsächlech ëm e Brochstéck vum verluerene Koméit handelt oder d'Ähnlechkeet nëmmen zoufälleg ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym: Der Biela’sche Komet vom Jahre 1832. (Digitalisat)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. K.Wurm, Die Kometen. Verständliche Wissenschaft Band 53, Springer-Verlag Berlin-Heidelberg 1954