Jean-Louis Pons

Vu Wikipedia
Jean-Louis Pons
Gebuer 24. Dezember 1761
Peyre
Gestuerwen 14. Oktober 1831
Florenz
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Astronom

De Jean-Louis Pons, gebuer de 24. Dezember 1761 zu Peyre (Hautes-Alpes) a gestuerwen de 14. Oktober 1831 zu Florenz, war e franséischen Astronom.

Tëscht 1801 an 1827 huet de Pons 37 Koméiten entdeckt an ass domat bis haut deen erfollegräichste Koméitenentdecker.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Pons seng astronomesch Carrière huet 1789 am Alter vu 27 Joer ugefaangen. Hie war Hausmeeschter am Observatoire vu Marseille. Den Direkter vum Observatoire huet him niewebäi Lektiounen an der Astronomie ginn. Säin éischte Koméit huet de Pons am Juli 1801 entdeckt. Vun do u spezialiséiert hie sech, grad wéi seng Landsleit Charles Messier a Pierre Méchain, op d'Sich vu Koméiten a fënnt der bis zu 10 an engem Joer (August 1826 bis August 1827).

De Pons benotzt spéider selwergebauten Teleskopen, iwwer déi allerdéngs nëmme wéineg bekannt ass. A sengen Opzeechnunge fanne sech Hiwäiser, datt säi "Grousse Sicher" e Suchfeld vun 3° hat. Et handelt sech sou offensichtlech ëm en Instrument mat grousser Ëffnung, relativ kuerzer Brennwäit a klenger Vergréisserung, dat och als "Koméitesicher" bezeechent gëtt.

Opgrond vu sengem Erfolleg krut de Pons 1813 d'Plaz vun engem Assistent um Observatoire de Marseille. Am Joer 1818 krut hien de Lalande-Präis vun der Franséischer Akademie vun de Wëssenschaften, fir d'Entdeckung vun dräi Koméiten an engem Joer. 1819 huet hien eng Ernennung vun der Maria Isabel vu Spuenien kritt. Hien ass Direkter vum neien Observatoire vu Marlia bei Lucca an der Toskana ginn. Säin Titel war "Hirer Majestéit hire kinneklechen Astronom, Direkter vun der astronomescher Sektioun vum Observatoire a Professer Emeritus vum kinnekleche Lycee". De Pons huet direkt, nodeem en zu Lucca ukomm war, e weidere Koméit entdeckt an den Observatoire huet enger schéiner Zukunft entgéint gesinn. D'Leeschtunge si bescheide bliwwen an no véier Joer gouf de Betrib vum Observatoire agestallt. De Pons hat zu Lucca siwe Koméiten entdeckt. Am Joer 1825 ernennt de Groussherzog Leopold II. hien zum Direkter vum Observatoire a Musée fir Physik a Naturgeschicht zu Florenz. Bis zu sengem Doud entdeckt de Pons nach weider siwe Koméiten.

Obschonn de Pons véier periodesch Koméiten entdeckt huet, hunn der nëmmen nach zwéi säin Numm, nämlech de 7P/Pons-Winnecke an den 12P/Pons-Brooks. De Koméit deen hien de 26. November 1818 entdeckt huet, gëtt haut als Encke bezeechent, benannt no dem Astronom Johann Franz Encke, deen d'Bunn vun dësem Koméit berechent hat, an deen eng bemierkenswäert kuerz Periodizitéit festgestallt hat. De "Pons-Coggia-Winnecke-Forbes" heescht haut 27P/Crommelin, nom Andrew Crommelin, deen dës Bunn berechent huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]