Krichsmonument am LGE

Vu Wikipedia
Krichsmonument am LGE
Typ Krichsmonument
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Jongelycée vun Esch
Koordinaten 49°29'58"N, 5°59'1"O
Ageweit 15. Mee 1965
Kënschtler Foni Tissen

D'Krichsmonument am Escher Jongelycée ass e Monument dat un d'Leiden am Zweete Weltkrich erënnert.

Et ass en 3 × 4 m grousse Mosaik vum Foni Tissen, deen am Préau op enger Mauer ass. De Préau ass an deem Fligel vum Gebai, deen uganks der 1960er Jore gebaut gouf.

De Mosaik weist als Zentralfigur e Mann, deen e Verwonnten oder Doudegen um Aarm dréit. Lénks sinn zwéi Männer ze gesinn, déi e blesséierte Kommerod an hirer Mëtt stäipen, a riets an engem Prisongshaff, dräi Männer, déi u Péil ugestréckt sinn an exekutéiert goufen. Am Hannergrond si Griewer a pickegen Drot ze gesinn. Eng deelweis verdeckt ("Fräiheets-")Sonn bréngt e bësse Wäermt a Luucht an déi a kale Faarwe gehalen Zeenerie. Um ënneschte Bord steet, als eenzeg Opschrëft, "1940-1945".

Am Kader vun de Feierlechkeete fir d'Aweiung vum neie Fligel gouf och dat Monument de 15. Mee 1965 a Presenz vun ë. a. dem Groussherzog Jean, dem Bëschof Léon Lommel, dem Groussrabbiner Emmanuel Bulz an dem Erzéiungsminister Pierre Grégoire ageweit. Dobäi goufen d'Gedicht La Liberté vum Paul Eluard an Dräianzwanzeg Lëtzebuerger Jongen vum Wëllem Weis virgedroen, Duerno goufen d'Nimm vun den am Krich gestuerwene fréiere Schüler eenzel opgezielt. No Gebieder goufen d'Sonnerie aux morts an d'Heemecht gespillt, an de Groussherzog huet eng Gerbe néiergeluecht. Um Enn gouf den emouvante leschte Bréif vun engem fréiere Schüler virgelies, deen dësen aus dem Prisong u seng Mamm geschéckt huet, fir hir matzedeelen, datt en an e puer Deeg exekutéiert géif[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Georges Konsbruck: "L'inauguration d'une nouvelle aile et du monument aux morts au Lycée de garçons d'Esch." In: Gabriel Deibener, Georges Konsbruck, Ed. Maroldt, J.M. Peiffer, Nadine Schummer, Lucien Thill: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch 1901-2001, Lycée de garçons d'Esch-sur-Alzette, Esch 2001, ISBN 2-87996-938-773, S. 67-71.