Boxemännchen
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Kuchemännchen)
E Boxemännchen, och Kuchemännchen, vereelzt Knäpp(e)männche[1] genannt, ass e Kaffiskichelchen aus Hief- oder Brioschendeeg, gebak a Form vun engem Männchen. D'Knäpp vum Männche senger Box ginn duerch an den Deeg agedréckte Roséngen oder - méi modern - Kamellen duergestallt.
Boxemännercher si meeschtens tëscht 10 an 30 cm grouss. Si gi bal nëmmen an de Woche virun Niklosdag verkaaft, a gehéieren zu deene Saachen, déi de Kleeschen zu Lëtzebuerg de Kanner bréngt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Boxemännchen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wiktionnaire: Boxemännchen Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ LWB, Luxemburger Wörterbuch, gekuckt den 30. November 2019