Kurt Zillmann

Vu Wikipedia
Kurt Zillmann
Gebuer 17. Juli 1906
Gestuerwen 19. Januar 1992
Nationalitéit Däitschland
Partei NSDAP
Member vun Schutzstaffel vun der NSDAP

De Kurt Zillmann, gebuer de 17. Juli 1906 zu Kolberg a gestuerwen ..., war en däitsche Jurist, Kriminalpolizist an SS-Kommandant.

Den Zillmann huet Droit studéiert a gouf 1931 zu Magdeburg Stagiaire fir Kriminalkommissar ze ginn. Vunn 1934 huet hien eng Ausbildung fir Kriminalkommissar um Polizei-Institut Berlin-Charlottenburg gemaach a gouf do vun November 1936 un Enseignant fir Kriminologie a Kriminalistik Kriminalistik. Tëschenduerch war e kuerz zu Köln als Kommissar. D'Polizei-Institut Berlin-Charlottenburg gouf spéider eng Führerschule der Sipo und des SD.[1]

Beim Iwwerfall op Polen, am September 1939, deen den Zweete Weltkrich ausgeléist huet, war den Zillmann, als Adjudant vum Otto Hellwig, bei der Einsatzgruppe z. b. V. derbäi, déi d'Resistenz vun de Polen "mit allen zur Verfügung stehenden Mitteln" ermëlze sollt. Als Adjudant war dem Zillmann seng Aufgab, d'Uerdere vum Kommandant Hellwig ëmzesetzen. Den Deelkommando Hellwig ass iwwer Kattowitz, Krakau an Tarnów bis op Przemysl gezunn an huet op sengem Wee eng Spuer vu Massenermuerdunge vu jiddesche Polen hannerlooss.[2]

Nodeems Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 vun Däitschland besat gi war, gouf den Zillmann als Chef vun der Kriminalpolizei dohi versat. Dat selwecht Joer gouf e Member vun der NSDAP.[3] An där Fonctioun war en en enke Mataarbechter vum Chef der Zivilverwaltung (CdZ) Gustav Simon a matverantwortlech fir d'Deportatioun vun de Judden zu Lëtzebuerg an d'Repressioun géint d'Resistenz. No eegenen Informatioune soll den Zillmann tëschenduerch och nach a Personalunioun zu Tréier e Poste vun der Kriminalpolizei opgebaut a vum Februar 1944 un d'Kriminalpolizeistelle vu Koblenz geleet hunn. Am September 1944, just virun der Befreiung vu Lëtzebuerg duerch d'US-Arméi, huet den Zillmann sech no Däitschland ofgesat.[4] Bei Krichsenn, am Mee 1945, war den Zillmann als SS-Sturmbannführer (SS-Nr. 310.214) beim Reichssicherheitshauptamt registréiert, wou en dem SD zougedeeltwar.[5]

Nom Krich huet hien 3 Joer laang als Hëllefsaarbechter um Bau geschafft. Nodeems e säin CV e bësse "retouchéiert" hat, ass et em gelongen, am Juni 1948 a Schleswig-Holstein nees als Kriminaloberinspektor an de Police-Déngscht anzetrieden an zu Bad Oldesloe Chef vun der Police criminelle ze ginn. 1953 gouf en zum Regierungskriminalrat befërdert a gouf Chef vun der Kriminalpolizei zu Lübeck.[3] 1959 gouf e Chef vum Landeskriminalamt Schleswig-Holstein zu Kiel.[3]

Sou konnt hien am Hierscht 1959 duerch Näischt-Maache verhënneren, datt Ermëttlunge géint de Werner Heyde, dee wéinst Ermuerdungen am Kader vum NS-Euthanasie-Programm gesicht gouf, déi zu senger Verhaftung gefouert hätten, wann e sech derhannert gesat hätt, näischt erginn hunn.[6],[7]

Am August 1964 huet den Zillmann sech mat 18 aneren héije Polizeibeamten aus Schleswig-Holstein als Bierg fir de fréieren SS a Chef vun engem Einsatzkommando Waldemar Krause opgesat, fir datt deen aus der Untersuchshaft entlooss kéint ginn.[8]

1966 ass den Zillmann als Oberkriminalrat a Regierungskriminaldirektor pensionéiert ginn.[3]

Ee Joer virdru war bei der Zentrale Stelle der Landesjustizverwaltungen zur Aufklärung nationalsozialistischer Verbrechen eng Enquête iwwer seng Memberschaft am Sonderkommando gemaach ginn. Et koum awer näischt dobäi eraus, a mat den Ermëttlunge gouf opgehalen.[9]

Dem Historiker Dieter Schenk no ass den Zillmann e "Beispiel für viele Polizisten dieser Generation, die vielfach einer deutsch-nationalen Gedankenwelt verhaftet waren und der Bundesrepublik gegenüber eher distanziert eingestellt blieben, selbst wenn sie die demokratischen Spielregeln des neuen Staates anerkannten. Von der Öffentlichkeit fühlten sie sich missverstanden und ungerecht behandelt".[10]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dieter Schenk: Auf dem rechten Auge blind. Die braunen Wurzeln des BKA. Kiepenheuer & Witsch, Köln 2001, ISBN 3-462-03034-5.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dieter Schenk: Auf dem rechten Auge blind. Die braunen Wurzeln des BKA. 1. Auflage, Kiepenheuer & Witsch, Köln 2001, ISBN 3-462-03034-5, S. 28 ff.
  2. Dieter Schenk: Auf dem rechten Auge blind. Die braunen Wurzeln des BKA. 1. Auflage, Kiepenheuer & Witsch, Köln 2001, ISBN 3-462-03034-5, S. 32 f.
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 Ernst Klee: Das Personenlexikon zum Dritten Reich. Wer war was vor und nach 1945. 2. Auflage, Fischer-Taschenbuch-Verlag, Frankfurt am Main 2007, ISBN 978-3-596-16048-8, S. 695 f.
  4. Dieter Schenk: Auf dem rechten Auge blind. Die braunen Wurzeln des BKA. 1. Auflage, Kiepenheuer & Witsch, Köln 2001, ISBN 3-462-03034-5, S. 31.
  5. Klaus-Detlev Godau-Schüttke: Die Heyde/Sawade-Affäre. In: Hartmut Brenneisen, Dirk Staack, Susanne Kischewski: 60 Jahre Grundgesetz. Reihe: Polizei und Sicherheitsmanagement, Band 6, Lit-Verlag, Münster 2010, ISBN 978-3-643-10636-0, S. 384.
  6. Klaus-Detlev Godau-Schüttke: Die Heyde/Sawade-Affäre. 2. Auflage. Nomos-Verlag, Baden-Baden 2001, ISBN 3-7890-7269-9, S. 207–209.
  7. Klaus-Detlev Godau-Schüttke: Die Heyde/Sawade-Affäre. In: Hartmut Brenneisen, Dirk Staack, Susanne Kischewski: 60 Jahre Grundgesetz. Reihe: Polizei und Sicherheitsmanagement, Band 6, Lit-Verlag, Münster 2010, ISBN 978-3-643-10636-0, S. 383 f.
  8. Fluchtverdacht. Kieler Wache. Polizei. In: Der Spiegel. Nr. 34 vom 19. August 1964, S. 30 f.
  9. Klaus-Detlev Godau-Schüttke: Die Heyde/Sawade-Affäre. 2. Auflage. Nomos-Verlag, Baden-Baden 2001, ISBN 3-7890-7269-9, S. 211.
  10. Dieter Schenk: Auf dem rechten Auge blind. Die braunen Wurzeln des BKA. 1. Auflage, Kiepenheuer & Witsch, Köln 2001, ISBN 3-462-03034-5, S. 38.