Léon Daum

Vu Wikipedia
Léon Daum
Gebuer 21. Mäerz 1887
Nanzeg
Gestuerwen 28. Mee 1966
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique,
École nationale des mines vu Paräis
Aktivitéit Ingenieur

De Léon Daum, gebuer den 21. Mäerz 1887 zu Nanzeg, gestuerwen den 31. Mee 1966 och do, war e franséischen Industriellen. Vun 1952 - 59 war hie franséische Member vun der Héijer Autoritéit (dem Executivorgan vun der CECA), déi den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hir Aarbecht opgeholl huet.

No senger Formatioun op der École polytechnique an de Joren 1905-1907 huet hie vun 1911 un als Biergingenieur geschafft, vun 1913 un a Marokko.

Am Krich 1914-1918 war hien Artillerieoffizéier. 1919 gouf hien erëm Biergwierksingenieur op der Saar. 1927 gouf e Generaldirekter vun der Compagnie des forges et aciéries de la marine et d'Homécourt. Am Joer 1949 ass hien hire Vizepresident ginn a geschwënn drop gouf e President vun der "Sollac" (Société lorraine de laminage continu - "Loutrengesch Walzwierksgesellschaft"). Ausserdeem war en am Verwaltungsrot vu verschiddene groussen Entreprisen, wéi "Sidelor", dem Héichuewewierk zu Givers, de Schmelze vu Saint-Étienne a vun Dillingen, awer och am Opsiichtsrot vum Crédit National.