Léon Mischo
Ausgesinn
| Léon Mischo | |
|---|---|
| Gebuer |
28. Januar 1907 Bouneweg |
| Gestuerwen |
12. Februar 1988 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker, Dokter |
| Auszeechnungen | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne |
|
| |
De Léon Mischo, gebuer den 28. Januar 1907 zu Bouneweg, a gestuerwen den 12. Februar 1988 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Dokter a Lokalpolitiker.
De Léon Mischo huet de 5. Juni 1938 ugefaangen, an der Ettelbrécker Klinik als Dokter ze schaffen. Do gouf hien am Laf vu senger Karriär Chefdokter an da laangjäregen Direkter. Uganks 1973 huet hie seng Pensioun geholl[2].
Hie gouf bei de Gemengerotswalen am Hierscht 1957 an de Gemengerot vun der Stad Ettelbréck gewielt a war 9 Joer laang, vum 1. Januar 1958 bis zu senger Demissioun aus Gesondheetsgrënn, am August 1967, Buergermeeschter vun där Stad[3].
Gielercher an Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1968)[4]
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Waarken eng Strooss no him genannt[5].
1967 krut hien den Titel Éierebuergermeeschter[2].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Léon Mischo op luxracines.lu
- 1 2 "Dr Léon Mischo nahm Abschied." In: Luxemburger Wort, 126. Jg., n° 3 (04.01.1973), p. 7 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ "Offizielle Ehrung und Abschied von Dr. Léon Mischo." In: Luxemburger Wort, 120. Jg., n° 221 (09.08.1967), p. 6 [Digitised by the National Library of Luxembourg]
- ↑ (fr) Distinctions honorifiques S. 5. Luxemburger Wort (16.07.1968). Gekuckt den 19.09.2025.
- ↑ Warken: Rue Dr Léon Mischo. map.geoportail.lu. Gekuckt de 27.10.2024.
