Lënster Lycée International School

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lënster Lycée)
Lënster Lycée International School
De Lënster Lycée am September 2020
(LLIS)
Typ ëffentlech Schoul, Secondairesschoul, Grondschoul
Regimm Classique, General, Professionnel
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Jonglënster
Leedung Tom Nober
Schülerzuel 1.237
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend
Gegrënnt 2014
Genannt no Jonglënster
Um Spaweck https://llj.lu/

De Lënster Lycée International School, gekierzt LLIS, ass eng ëffentlech Schoul zu Lëtzebuerg, an der Gemeng Jonglënster.

De Lycée huet am Schouljoer 2014/15 seng éischt Rentrée gefeiert. E bitt Coursen aus dem Secondaire (Classique a General) un an zanter dem Schouljoer 2018/19 nieft sengem normalen nationale Schoulprogramm och eng däitsch- an eng engleschsproocheg Sektioun an der Grondschoul an am Secondaire. D'Grondschoulklasse sinn an engem Provisorium nieft dem Lycée[1].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den neie Lënster Lycée gouf den 13. August 2007 virgestallt; den 20. Abrëll 2012 gouf de Grondstee geluecht[2]. De 17. November 2014 gouf de Lycée offiziell a Presenz vun de Ministere François Bausch a Claude Meisch ageweit[3].

Dat éischt Joer si just Septièmes- an Dixièmes-Klasse virgesinn, 180 Schüler ginn erwaart. Dat Joer drop kommen da Sixièmen/Huitièmen an Onzièmen derbäi, asw. Et ass geplangt, eemol tëscht 1.300 a 1.400 Schüler ze hunn. De Schwéierpunkt ass Elektrotechnik, Informatik a Commerce[4].

D'Schoul ass vu méindes bis donneschdes vu moies 8 bis mëttes 4 Auer op, freides bis 12 Auer. Nomëttes bis 6, hallwer 7 ginn d'Schüler awer och, wann néideg betreit[4].

D'Schoul besteet aus 55 Klassesäll, 33 Spezialsäll a 5 Atelieren op enger Fläch vu 37.000 m². Dobäi kënnt nach déi komplementar Infrastruktur déi aus engem Restaurant, enger Cafeteria, engem Festsall, enger Sportshal an enger Schwämm besteet.

D'Schoul déi den 9. Juli 2013 den Numm „Lënster Lycée” krut[5], gouf am November 2020 op „Lënster Lycée International School” ëmgedeeft[6].


Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

2014 - …: Romain Kieffer

zanter …: Tom Nober

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lënster Lycée International School – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Michèle Gantenbein, Die neuen Bildungsangebote auf einen Blick am Luxemburger Wort vum 9. Dezember 2017, S. 3
  2. Pose de la première pierre du nouveau lycée de Junglinster gouvernement.lu, 20-04-2012.
  3. Anne-Aymone Schmitz: Modern, bunt und lichtdurchflutet0, am Luxemburger Wort vum 18. November 2014, S. 26
  4. 4,0 4,1 "Am Hierscht geet zu Jonglënster en neie Lycée op." rtl.lu, 29.07.2014, 18:30:28.
  5. Règlement grand-ducal du 9 juillet 2013 portant dénomination du lycée à Junglinster. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-10.
  6. Règlement grand-ducal du 30 novembre 2020 modifiant le règlement grand-ducal du 9 juillet 2013 portant dénomination du Lycée à Junglinster. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-10.