La Palma
La Palma, eigentlech 'San Miguel de la Palma', ass eng vun de siwen Haaptinsele vun de Kanaren a Spuenien. Si läit nordwestlech an ass déi fënneftgréisst vun de Kanareschen Inselen.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]La Palma läit am Atlantik a gehéiert zu der Provënz Santa Cruz de Tenerife. D'Haaptstad ass Santa Cruz de la Palma.
Si huet eng Fläch vu 708,32 km², dat sinn 9,45 % vum Kanareschen Territoire. D'Längt läit bei 42 Kilometer an d'Breet bei 28 Kilometer.
Andeelungen
[änneren | Quelltext änneren]La Palma ass a 14 Gemengen agedeelt:
- Barlovento
- Breña Alta
- Breña Baja
- Fuencaliente
- Garafía
- Los Llanos de Aridane
- El Paso
- Puntagorda
- Puntallana
- San Andrés y Sauces
- Santa Cruz de La Palma
- Tazacorte
- Tijarafe
- Villa de Mazo
Geologie
[änneren | Quelltext änneren]La Palma ass, geneesou wéi déi aner Kanaresch Inselen, vum Urspronk aus eng Vulkaninsel. De geologeschen Alter vun der Insel gëtt op 2 Millioune Joer geschat. Et ass eng vun de jéngsten Insele vun de Kanaren. Vum Buedem vum Mier, deen op 4000 Meter Déift ass, erhieft sech d'Insel op bal 6.500 Meter. Si besteet praktesch ganz aus vulkanesche Steng.
Eruptiounen
[änneren | Quelltext änneren]Historesch festgehalen Eruptioune sinn:
- 1470-1492 Vulkan Tacande
- 1585 Vulkan Tajuya, an der Gemeng El Paso
- 1646 Vulkan Martín oder San Martín
- 1677 Vulkan Fuencaliente
- 1712 Vulkan El Charco
- 1949 Vulkan San Juan (Kratere vun Duraznero, Hoyo Negro a Llano del Banco)
- 1971 Vulkan Teneguía
Demographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Awunnerzuel beleeft sech op 85.933 (INE 2007).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: La Palma – Biller, Videoen oder Audiodateien |