Laanscht d'Grenz

Vu Wikipedia
Laanscht d'Grenz
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1998
Originalsprooch Lëtzebuergesch,
Franséisch
Ekipp
Regie Paul Kieffer
Fotografie Jean-Louis Sonzogni
Musek Franz Schubert
Schnëtt Anne Schroeder
Produzent Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Laanscht d'Grenz ass en Documentaire vum Lëtzebuerger Regisseur Paul Kieffer. En hat am Juli 1998 Première am Utopia.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film begleet ee Mann, dee wärend dräi Wochen déi ronn 350 km laanscht d'Grenze vu Lëtzebuerg trëppelt, a wat en ënnerwee erlieft...

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

Samsa Film krut 1994 fir d'Entwécklung vum Documentaire e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 800.000 Lëtzebuerger Frang.[1] Donieft krut Samsa 1997 eng weider Millioun Frang als Avance op zousätzlech Recetten.[2] 1998 huet de Filmfong e leschte Subside vu 400.000 Frang accordéiert, als "Aide à la distribution".[3]

Laanscht d'Grenz gouf wärend der Woch vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm gewisen, déi 1998 vu Samsa Film an dem CNA organiséiert gouf.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1994, Säit 90
  2. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit 147
  3. 3,0 3,1 Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193 an 204