Op den Inhalt sprangen

Laktovegetabil Ernierung

Vu Wikipedia
Soja-Molke-Protein-Regimm

Eng laktovegetabil Ernierung ass eng erweidert vegan Ernierungsform, déi de Konsum vun Déierefleesch an Eeër verbitt, awer de Konsum vu Mëllech a Mëllechprodukter wéi Kéis, Jugurt, Botter… erlaabt, wouduerch de Bedarf u Kalzium, Vitaminn B12 an Eewäiss gedeckt ass.

Wann och Eeër dobäi giess ginn, gëtt vun ovolaktovegetabil geschwat.

De Virdeel vun enger laktovegetabiler Ernierung ass, datt een am Géigesaz zum fleeschbetounte Kascht méi Ballaststoffer a manner Cholesterin a gesiedegt Fettsaieren ophëlt.

 Commons: Vegetarianism – Biller, Videoen oder Audiodateien