Le Mont-Saint-Michel

Vu Wikipedia
Le Mont-Saint-Michel
De Mont Saint-Michel vu Süden

De Mont Saint-Michel vu Süden
De Mont Saint-Michel vu Süden
Land Frankräich
Regioun Normandie
Departement Manche
Arrondissement Avranches
Kanton Pontorson
Postcode 50116
Gemengecode 50353
Koordinaten 48° 38’ 09’’ N
      1° 30’ 38’’ W
Fläch  55 ha
Bevëlkerung  30 (2016)

Le Mont-Saint-Michel ass eng franséisch Gemeng mat 30 Awunner (Stand 2016) am Departement Manche an der Regioun Normandie. D'Gemeng existéiert zënter dem Joer 708 op der fielseger Insel Mont Saint-Michel an der Baie du Mont-Saint-Michel am Wattemier vun der Normandie. D'Insel ass ronn ee Kilometer vun der Côte ewech an nëmmen ca. 55.000 m² grouss (Ëmfang: ca. 830 Meter). Nobäi sinn d'Mëndung vum Couesnon, d'Stad Avranches an d'Grenz mat der Bretagne. D'Landschaft heescht Avranchin.

Ouni Konstruktioune wier d'Insel 92 Meter héich[1]. Si ass bekannt fir déi befestegt Abtei Mont-Saint-Michel, déi d'Insel dominéiert an déi e Beispill ass fir normannesch Architektur (Bauufank: 1022). Am Klouschter hu bis an d'1960er Jore Benediktiner gelieft, zanter 2001 nees Patere vun de Gemeinschafte vu Jerusalem.

De Mont-Saint-Michel ass eng wichteg Touristenattraktioun an der Géigend. Pro Joer gëtt e vu ronn 2,5 Millioune Leit besicht.

De Bierg a seng Bucht gehéieren zënter 1979 zu de UNESCO-Weltkultierwen. Ausserdeem ass en och zanter 1998 Deel vun de Weltierwen Jakobswee a Frankräich.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Millénaire du Mont-Saint-Michel 966–1966. Caisse nationale des monuments historiques, Paris 1966 (Katalog)
  • Germain Bazin: Le Mont Saint-Michel. Histoire et archéologie de l'origine à nos jours. Hacker Art Books, New York 1978, ISBN 0-87817-190-8
  • Jacques Cailleteau (Hrsg.): Le Mont-Saint-Michel. Histoire & Imaginaire; Caisse nationale des monuments historiques et des sites. Éditions du patrimoine, Paris 1998, ISBN 2-85822-223-1
  • Daniel Leloup: Le village du Mont-Saint-Michel. Histoire d'un patrimoine mondial. Chasse-Marée, Douarnenez 2004, ISBN 2-9142-0842-1
  • Claude Quétel (Text), Jean Bernard (Photos): Der Mont-Saint-Michel. Theiss-Verlag, Stuttgart 2005, ISBN 3-8062-1964-8
  • Jean-François Seguin: Mont-Saint-Michel. La reconquête d'un site. Le Cherche Midi, Paris 1998, ISBN 2-86274-584-7 (Projet de rétablissement du caractère maritime du Mont-Saint-Michel)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mont Saint-Michel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Chantal Bonnot-Courtois, La Baie Du Mont-Saint-Michel et l'estuaire de la Rance: environnements sédimentaires, aménagements et évolution récente. Editor Technip. 2002. Seiten 15–20