Lee Miller

Vu Wikipedia
Lee Miller
Gebuer 23. Abrëll 1907
Poughkeepsie
Gestuerwen 21. Juli 1977
Chiddingly
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit USA
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts,
Art Students League of New York,
Oakwood Friends School
Aktivitéit Krichskorrespondent, Krichsfotograf, Fotoreporter, Mannequin, Journalist, Kënschtler, Moudefotograf
Famill
Bestuet mat Roland Penrose, Aziz Eloui Bey
Liewenspartner(in) Man Ray
Geschwëster Johnny Miller
Kanner Antony Penrose

D'Elizabeth ("Lee") Miller, gebuer den 23. Abrëll 1907 zu Poughkeepsie, N.Y, a gestuerwen de 27. Juli 1977 op der Farley Farm an der englescher Grofschaft Sussex, war eng US-amerikanesch Fotografin, Fotojournalistin a Fotomodell.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Wärend hirem Studium zu New York gouf d'Lee Miller zoufälleg vum Condé Nast, dem Editeur vu Vanity Fair a Vogue, entdeckt, dee s'op der Strooss virun engem Auto ewechgezunn hat, dee se bal iwwerfuer hätt. Si gouf 1927 Fotomodell fir Vogue mat renomméierte Fotografe wéi dem Edward Steichen an dem George Hoyningen-Huene. 1929 ass si op Paräis geplënnert, wou si Uschloss un déi progressiv Konschtzeen, absënns d'Surrealisten, fonnt huet. Si huet mam Moler, Filmmécher a Fotograf Man Ray op ville Projeten zesummegeschafft a war och eng Zäitche mat him zesummen.

No hirer Trennung vum Man Ray huet si probéiert, sech zu Paräis als Portraits- a Moudefotografin z'etabléieren. Well se domat awer net deen erhoffte Succès hat, goung si 1932 hannescht an Amerika. Si huet do en eegene Fotostudio opgemaach, dee gutt gelaf ass. 1934 huet si den egyptesche Geschäftsmann Aziz Eloui Bey kenne geléiert, an en 1934 bestuet. Kuerz dono ass si mat him op Kairo wunne gaangen. 1937 huet d'Miller bei enger Rees op Paräis de surrealistesche Kënschtler Roland Penrose kennegeléiert, mat deem se an de Méint dono duerch hallef Europa gereest ass, a mat him zesummen och eng ganz Rëtsch Kënschtler besicht huet; de Pablo Picasso huet z.B. sechs Portraite vun der Miller gemoolt. 1939 huet si Egypte fir zerguttst verlooss, an ass mam Penrose op London wunne gaangen. Nom Ausbroch vum Zweete Weltkrich huet si kuerz zu New York fir déi amerikanesch Vogue zu New York geschafft, goung dann awer zeréck op London, fir do Moudefotografin an enger vu Bommen deelweis zerstéierter Stad ze ginn.

D'Miller mat anere Krichskorrespondentinnen

1944 gouf si vun der US-Army als Militärkorrespondentin akkreditéiert an huet mam Time-Life Fotograf David E. Scherman zesummegeschafft. Si war eng vun de wéinege Fraen, déi Krichsreporterin war. Zesumme mam Sherman huet si nom Debarquement an der Normandie déi amerikanesch Truppen op hirem Wee begleet, wéi si Westeuropa befreit hunn. Si war bei der Schluecht vu Saint-Malo a bei der Befreieung vu Paräis dobäi, dono am Oktober zu Lëtzebuerg, dann am Elsass, an duerno beim Amarsch an an duerch Däitschland.

Hir Filmer huet si an enger improviséierter Donkelkummer an hirem Hotelszëmmer entwéckelt. Si huet ë. a. d'Zesummekomme vun amerikaneschen a sowjeteschen Truppen zu Torgau dokumentéiert, d'Eruewerung vum Adolf Hitler sengem Berghof um Obersalzberg zu Berchtesgaden, an d'Befreiung vun de Kazetter Buchenwald an Dachau. Eng bekannt Foto, déi de Sherman gemaach huet, weist si an der Buedbidde vum Hitler senger Privatwunneng zu München, den Dag vun der Bedreiung vun där Stad, den 30. Abrëll 1945.

No der däitscher Kapitulatioun huet si nach eng Zäitche Fotoreportagen aus dem zerstréierte Westdäitschland gemaach, mee hat es dann awer genuch vu Krichsbiller: Wat se zu Buchenwald an Dachau gesinn huet, hat se déif markéiert, an huet hir nodréiglech psychesch Problemer bereet.

Si huet 1947 de Penrose bestuet a se sinn an e Cottage op d'Land wunne gaangen. Den 9. September 1947 ass hire Jong Antony op d'Welt komm. D'Famill ass 1949 an d'Farley Farm House zu Chiddingly wunne gaangen. An den 1950er Joren huet d'Lee Miller nach déi eng oder aner Fotoe fir Magaziner wéi Vogue oder Life gemaach, mee ëmmer manner fotograféiert. Ewell huet si Kachbicher erausginn, mat intressante Fusion-Rezepter, déi se ënner den Andréck vun de verschiddene Länner wou se virdru war, zesummegestallt huet.

Si ass 1977 op hirem Landhaus un de Follge vun enger Kriibserkrankung gestuerwen.

Kuerz Period zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg war d'Miller an enger éischter 'roueger' Period, wéi d'Euphorie vun der Liberatioun am September 1944 schonns ofgeklonge war, ma nach virun der Ardennenoffensiv. Si huet virun allem Fotoe vun US-Zaldoten, déi do aquartéiert goufen an drop gewaart hunn, datt genuch Ravitaillement nokéim, fir kënne virun iwwer d'däitsch Grenz ze goen, an vun Awunner aus den Dierfer laanscht d'Front (Géigend ëm Iechternach), gemaach. Do ass ë. a. eng bekannt Foto entstanen, wou e klenge Jong drop ze gesinn ass, dee mat engem Schoulsak um Bockel scheinbar traureg op engem Koup Plonner sëtzt.[1]

2010 huet den CNA honnert an eent, vun de ronn 350 Biller, déi d'Lee Miller zu Lëtzebuerg gemaach huet, opkaaft.[2] an 2011 eng Auswiel dovun an enger Ausstellung (Correspondances d'un No Man's Land) gewisen.[3]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lee Miller – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Raymond, 'de Becher Jong' auf dem berühmten Foto." wort.lu [w+], o.D. (nogekuckt 2023-09-14).
  2. "Lee Miller - Correspondence from a No Man’s Land. Luxembourg, Étape 1944 2011." op artlimited.net.
  3. Correspondances d'un No Man's Land. Luxembourg, Etape 1944, Ausstellung am CNA, 6. Mäerz bis 2. Oktober 2011. (Doudege Link dee lo just op eng Haaptsäit weist)