Leesch Frères

Vu Wikipedia

Leesch Frères S.A. ass d'Daachgesellschaft vun de Geschäfter vun der Famill Leesch, déi d'Entwécklung vum lëtzebuergesche Commerce mat de Cactus-Supermarchéen an der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert staark markéiert huet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Ufank vum Grupp stoung am Joer 1900 eng Epicerie um Fieldgen am Quartier Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Si war vum Joseph Leesch opgemaach ginn. Den Numm Leesch hat hien awer eréischt an den USA ugeholl nodeem d'Famill Loesch, kleng Bauere vu Biissen a Viichten, am Joer 1885 an den Illinois, Livingston County, ausgewandert waren. Am Joer 1900 ass de Joseph Leesch op Wonsch vu senger Fra Marie Wildgen mat de fënnef Jongen Jack « Jeeck » (*1890), Harry (*1892), Arthur (*1894), Aloyse (*1896) a Joseph jr. (*1898) op Lëtzebuerg zeréckkomm. E sechst Kand ass zu Lëtzebuerg op d'Welt komm.

Zesumme mam Michel Donven, engem Reesender, huet de Joseph Leesch 1905 d'Grousshandelsfirma Joseph Leesch & Michel Donven gegrënnt. Si huet ënner anerem Wueren aus den USA importéiert. Dës Firma ass 1928 opgeléist ginn well et op béide Säite vill Kanner gouf fir d'Firma weiderzeféieren.

D'Famill Leesch huet sech dorop an der Stroossbuerger Strooss néiergelooss, wou bis haut e Cactus-Geschäft ass. Dräi Kanner vum Joseph, den Arthur, de Jeeck an den Aly hunn d'Société en nom collectif Leesch Frères gegrënnt. D'Bridder Leesch ware weider haaptsächlech am Grousshandel aktiv. Vun 1930 un hu si och eng Kaffisréischterei bedriwwen.

De Schrëtt vum Grousshandel an den Eenzelhandel mécht Leesch Frères an den 1950er Joren. Dem Arthur Leesch säi Fils Alfred, genannt Att, war schonn am Betrib. Wéi de Jeeck Leesch krank ginn ass, huet och de Paul Leesch 1951 bei Leesch Frères als Juniorchef ugefaangen. Déi drëtt Generatioun huet de Betrib 1955 iwwerholl. Déi éischt Etapp am Eenzelhandel war 1957 en éischt Geschäft mam Konzept vum « Self-Service » dat ënner der Enseigne PicNic zu Esch-Uelzecht opgemaach gouf. An der Stroossbuerger Strooss gouf 1962 ënner der Enseigne Vivo (Vereinigte Internationale Verkaufs-Organisation) ee gréissert Self-Service-Geschäft opgemaach.

Déi zweet Etapp am Eenzelhandel war 1967 d'Ouverture vun engem éischte Supermarché « à l'américaine », dem Cactus Bäreldeng, mat net nëmme Self-Service mä och Parkinge virun der Dier. Zanterhier ass d'Enseigne Cactus d'Gesiicht vun der Firma Leesch Frères.

Ee Joer virdrun, 1966, hat Leesch Frères säin éischt Kaffisgeschäft ënner der Enseigne Bruno an der Stad opgemaach. D'Kaffisréischterei vu Leesch Frères bleift formell ee vum Cactus getrennt Geschäft. D'Kaffis-Marke vu Leesch Frères sinn Kaffi Leesch, Arbo, Bruno a Cactus Kaffi. D'Kaffisréischterei Leesch ass zanter 1989 um Wandhaff.

Den 9. Mee 2007 huet de Paul Leesch sech vun der Presidence vum Verwaltungsrot vu Leesch Frères s.a. zeréckgezunn. De Verwaltungsrot bestoung dunn aus dem Maximilien, genannt Max, Leesch, dem Joseph, genannt Jeff, Leesch, an der Doris Leesch, dem Paul Leesch senge Kanner an also der véierter Generatioun vun der Famill.

Source[änneren | Quelltext änneren]

Radio 100,7, Erliewt an Erzielt, De Paul Leesch am Gespréich mam Carlo Link, 14. Oktober 2007