Leon Panetta

Vu Wikipedia
De Leon Panetta

De Leon Edward Panetta, gebuer den 28. Juni 1938 zu Monterey am US-Bundesstaat Kalifornien, ass en US-amerikanesche Politiker.

Vum Januar 1994 bis den Abrëll 1997 war de Panetta Stabschef am Wäissen Haus ënner dem President Bill Clinton. De Panetta ass e fréiere Member vum US-Representantenhaus, dem United States House of Representatives.

Op déi éischt Säit vun der New York Times huet de Panetta et de 6. Janauar 2009 gepackt, nodeem e puer net mam Numm genannte Membere vun der US-Demokratescher Partei der Press gezielt hunn, den designéierten US-President Barack Obama hätt de Panetta als neie Chef vum CIA erausgesicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Leon Panetta – Biller, Videoen oder Audiodateien