Les hirondelles de Kaboul (Film)

Vu Wikipedia
Les hirondelles de Kaboul
Film
Produktiounsland Frankräich
CHECHE Schwäiz
Lëtzebuerg
Monaco[1]
Produktiounsjoer 2011-2019[2]
Première 16 Mee 2019
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Zabou Breitman, Eléa Gobbé-Mévellec
Dréibuch Zabou Breitman
Musek Alexis Rault
Schnëtt Françoise Bernard
Produzent Reginald de Guillebon, Bertossa Joelle, Michel Merkt
Produktiouns-
gesellschaft
Les Armateurs (FR), Mélusine Productions (LU), Close Up Films (CH), Arte France Cinéma (FR), Radio Télévision Suisse (CH), KNM (MC)[1]
Schauspiller
Simon Abkarian: Atiq (Stëmm)
Hiam Abbass: Mussarat (Stëmm)
Swann Arlaud: Mohsen (Stëmm)
Zita Hanrot: Zunaira (Stëmm)
Jean-Claude Deret: Nazish (Stëmm)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Les hirondelles de Kaboul ass e franséischsproochegen Animatiounsfilm fir Erwuessener aus dem Joer 2019. E baséiert op dem Buch mam selwechten Numm vum algeeresche Schrëftsteller Mohammed Moulessehoul, deen ënnert dem Numm Yasmina Khadra verëffentlecht.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De Film spillt an der zerstéierter afghanescher Haaptstad Kabul, am Summer 1998, wärend der Diktatur vun den Taliban. De Mohsen an d'Zunaira si jonk a verléift. Trotz der alldeeglecher Gewalt a Misär gleewe si un eng besser Zukunft. Bis en domme Geste vum Mohsen hiert Liewen op d'Kopp stellt.

Produktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Produktioun vum Film huet aacht Joer laang gedauert.[2][3] En hat e Budget vu 5,7 Milliounen Euro.[4] De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 1.713.649 Euro finanziell ënnerstëtzt.[5]

De Film baséiert sech op d'Buch mam selwechten Numm, dat 2002 erauskoum a sech a Frankräich iwwer 600.000 Mol verkaaft huet.[6] Den Auteur vum Buch, Yasmina Khadra (mat richtegem Numm Mohammed Moulessehoul), huet de Projet vun der VerfilMung ënnerstëtzt a war bei e puer Opféierungen dobäi. De Film an d'Buch stëmmen net honnertprozenteg iwwereneen; esou spillt d'Geschicht am Buch zum Beispill am Joer 2001 an am Film am Joer 1998.[6]

Zwee Drëttel vum Film goufen zu Lëtzebuerg produzéiert, dorënner d'Dekoren, an e groussen Deel vun der Animatioun an dem Storyboard. Animéiert gouf am Studio 352 zu Conter.[7]

Acceuil a Präisser[änneren | Quelltext änneren]

De Film hat seng Première de 16. Mee 2019 um Filmfestival vu Cannes, wou en an der Kompetitioun "Un certain regard" gelaf ass.[8]

Schonn 2018 gouf en um Internationale Festival vum Animatiounsfilm vun Annecy als "Work in Progress Feature", also als Wierk, dat grad produzéiert gëtt, gewisen. Do krut en de "Prix à la Diffusion" vun der franséischer Fondation Gan.[9] D'Joer drop ass en dunn an der Kompetitioun vun deem Festival gelaf.[8]

Um Festival du Film Francophone d'Angoulême am August 2018 krut de Film d'Präisser fir déi bescht Filmmusek ("Valois de la musique") a fir de beschte Film ("Valois de diamant").[4] 2019 gouf en um Filmfestival vu Pauillac mam Jurypräis ausgezeechent an um Festival international du film de fiction historique zu Narbonne mam Publikumspräis.

Am selwechte Joer krut de Film och de Präis " Open Horizons" um Filmfestival vun Thessaloniki.[10]

Beim Europäesche Filmpräis 2019 a beim César du cinéma 2020 war Les hirondelles de Kaboul an der Kategorie "Beschten Animatiounsfilm" nominéiert.[11][12]

A Frankräich waren 321.180 Persounen de Film an de Kino kucken.[13]

Wat sot d'Press?[änneren | Quelltext änneren]

Fabien Lemercier, cineuropa.org:[1]

Les Hirondelles de Kaboul est un très bel exemple (esthétique et narratif) du pouvoir de transmission d'idées essentielles, humanistes et féministes, vers de plus vastes publics (adultes et jeunes) qu'offre le cinéma d'auteur d'animation.

Marc Trappendreher, D'Lëtzebuerger Land:[14]

Vor knapp einem Jahr erschien Nora Twomeys The Breadwinner, ein weiterer Animationsfilm, der auf einer Romanvorlage beruht und dessen Handlung ebenfalls im Afghanistan spielt. Les hirondelles de Kaboul reiht sich in dieses Ensemble ein, wenngleich er an die irritierende Wirksamkeit von Vorgängerfilmen wie etwa Waltz with Bashir oder Persepolis schwerlich heranreichen kann.

Alain Lorfèvre, La Libre Belgique:[15]

[A]rtistiquement parlant, le résultat est de haute tenue. [...] [O]n peut se demander si, à force de répétition sans grande variation sur la forme ou le fond, ces œuvres ne risquent pas de ne prêcher qu'un public de convertis de plus en plus restreint [...]. Manque à ces démarches engagées des formes plus radicales ou des voix plus authentiques qui, sans atténuer l'horreur, conféreraient à sa nécessaire condamnation, le souffle et le relief du vécu pour dépasser les bonnes intentions.

Oliver Armknecht, film-rezensionen.de:[16]

Zum einen sieht das Animationswerk fantastisch aus mit seiner Wasserfarbenoptik, die oft an eine Graphic Novel erinnert. Und auch bei den Animationen und den Lichteffekten gab man sich keine Blöße: Die Buchadaption hält eine unglaubliche Balance aus Realismus und Kunstfertigkeit, bietet sehr schöne Bilder, ohne dabei zu beschönigen. Der Kontrast aus hoher Ästhetik und inhaltlicher Grausamkeit fasziniert und führt dazu, dass man seine Augen nicht abwenden kann, selbst wenn man dies gerade wollte, um der Misere zu entkommen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 cineuropa.org: Critique : Les Hirondelles de Kaboul vum Fabien Lemercier ()
  2. 2,0 2,1 Michel Delage: "De Public weess wat gutt ass, et muss een em just schéi Saache weisen" (6. September 2019)
  3. republicain-lorrain.fr: Les Hirondelles de Kaboul  : « Peu voulaient y mettre des ronds ! » vum Xavier Jacquillard (3. September 2019)
  4. 4,0 4,1 wort.lu: «Les Hirondelles de Kaboul» récompensé à Angoulême vum PJ a Vesna Andonovic (25. August 2019)
  5. filmfund.lu: Comité de Sélection décisions juillet 2016
  6. 6,0 6,1 5minutes.rtl.lu: "Les hirondelles de Kaboul": du livre au film d'animation (2. September 2019)
  7. lequotidien: Interview: Les Hirondelles de Kaboul, une force vitale unique vum Pablo Chimienti (6. September 2019)
  8. 8,0 8,1 De Film op filmfund.lu
  9. De Film op fondation-gan.com
  10. marketers.lu: Semaine fructueuse pour le secteur de la production audiovisuelle luxembourgeoise (15. November 2019)
  11. De Film op europeanfilmawards.eu
  12. De Film op academie-cinema.org
  13. De Film op allocine.fr
  14. land.lu: In den Straßen von Kabul vum Marc Trappendreher (20. September 2019)
  15. lalibre.be: "Les hirondelles de Kaboul": louable, mais le film manque de souffle, de vécu pour dépasser le stade des bonnes intentions vum Alain Lorfèvre (4. September 2019)
  16. film-rezensionen.de: Die Schwalben von Kabul vum Oliver Armknecht (15. Oktober 2019)